E Freideg stoungen op der 19. Etapp vun der Vuelta 177 flaach Kilometer tëscht La Baneza an Iscar um Programm.

Op der drëttleschter Etapp vun der 78. Vuelta gouf et eng italieenesch Victoire. Den Alberto Dainese huet sech am Sprint viru sengem Landsmann Filippe Ganna an dem Hollänner Marijn van den Berg duerchgesat. Fir den Dainese ass et déi éischt Victoire beim Tour duerch Spuenien.

De Kaden Groves am gréngen Trikot ass 1,5 Kilometer virun der Arrivée gefall an hat deemno keng Chance méi op d'Victoire.

Am General gëtt et op den éischte Plaze keng Verännerungen. De Supp Kuss läit weider un der Spëtzt. Hien huet eng Avance vu 17 Sekonne respektiv eng Minutt an 8 Sekonnen op seng Coequipiere Jonas Vingegaard a Primoz Roglic.

De Michel Ries ass e Freideg als 82. an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner ukomm. Am General ass de Lëtzebuerger de 64. op ronn 2 Stonnen an 30 Minutten.

E Samschdeg waart nach emol eng méi schwéier Etapp mat net manner wéi 10 Biergwäertunge vun der 3. Kategorie op d'Coureuren. E Sonndeg geet d'Vuelta dann op en Enn.

D'Resultat vun der Etapp

1 DAINESE Alberto Team dsm - firmenich 3:42:09
2 GANNA Filippo INEOS Grenadiers ,,
3 VAN DEN BERG Marijn EF Education-EasyPost ,,
4 CIMOLAI Davide Cofidis ,,
5 GARCÍA CORTINA Iván Movistar Team ,,
6 BALLERSTEDT Maurice Alpecin-Deceuninck ,,
7 ASKEY Lewis Groupama - FDJ ,,
8 HOFSTETTER Hugo Team Arkéa Samsic ,,
9 BARCELÓ Fernando Caja Rural - Seguros RGA ,,
10 KOCH Jonas BORA - hansgrohe ,,
...
82 RIES Michel Team Arkéa Samsic ,,

De General

1 KUSS Sepp Jumbo-Visma 69:14:04
2 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:17
3 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 1:08
4 AYUSO Juan UAE Team Emirates 4:00
5 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 4:19
6 MAS Enric Movistar Team 4:30
7 UIJTDEBROEKS Cian BORA - hansgrohe 7:37
8 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 8:35
9 ALMEIDA João UAE Team Emirates 10:34
10 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious 12:34
...
64 RIES Michel Team Arkéa Samsic 2:30:48