Demi Vollering wënnt an ass nei Leaderin

© AFP
Fir d'Ekipp vun der Lëtzebuergerin Christine Majerus war et en erfollegräichen Dag. Véier Fuererinne konnte sech an den Top10 klasséieren.
Op der zweeter Etapp vum Tour de Romandie vun de Frae konnt sech d'Demi Vollering d'Dagesvictoire an de Maillot vun der Leaderin sécheren. D'Hollännerin hat sech op de leschte Meter géint véier aner Coureurinnen duerchgesat. D'Coequipière vum Christine Majerus gewënnt virun der Polin Katarzyna Niewiadoma an der Lokalmatadorin Marlen Reusser.
D'Christine Majerus koum e Samschdeg als 66. an d'Zil. Hir Ekipp konnt mat véier Fuererinnen ënnert den éischten Zéng e staarkt Resultat opweisen. Duerch dës staark Performance läit SD Worx no der zweeter Etapp op der éischter Plaz am Ekippeklassement.
E Sonndeg ass déi lescht vun dräi Etappen duerch d'Schwäizer Regioun.
D'Resultat vun der Etapp
1 VOLLERING Demi Team SD Worx 3:01:19
2 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing 0:02
3 REUSSER Marlen Team SD Worx 0:06
4 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich 0:17
5 FISHER-BLACK Niamh Team SD Worx 0:27
6 PERSICO Silvia UAE Team ADQ 1:06
7 BAUERNFEIND Ricarda Canyon//SRAM Racing 1:06
8 MAGNALDI Erica UAE Team ADQ 1:06
9 SHACKLEY Anna Team SD Worx 1:06
10 REALINI Gaia Lidl - Trek 1:08
...
42 MAJERUS Christine Team SD Worx 14:50
D'Generalklassement
1 VOLLERING Demi Team SD Worx 6:54:19
2 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing 0:06
3 REUSSER Marlen Team SD Worx 0:12
4 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich 0:27
5 FISHER-BLACK Niamh Team SD Worx 0:37
6 PERSICO Silvia UAE Team ADQ 1:16
7 BAUERNFEIND Ricarda Canyon//SRAM Racing ,,
8 SHACKLEY Anna Team SD Worx ,,
9 MAGNALDI Erica UAE Team ADQ ,,
10 REALINI Gaia Lidl - Trek 1:18
...
66 MAJERUS Christine Team SD Worx 19:40