De Poels konnt déi véiert Victoire vum Remco Evenepoel bei dëser Vuelta verhënneren. De Belsch kritt awer de Biergtrikot.

Op der 20. Etapp vu Manzanares El Real op Guadarrama gouf eng Victoire vum Wout Poels. Den Hollänner konnt sech aus der Echappée eraus am Sprint géint de Remco Evenepoel duerchsetzen. Béid ware bis kuerz viru Schluss an enger Ausräissergrupp vu fënnef Coureuren, éier de Wout Poels 600 Meter virun der Arrivée attackéiert hat an den Evenepoel nach versicht hat, hien anzehuelen.

Am Grupp vun de Favoritten ass net vill geschitt. De Sepp Kuss koum no 208 Kilometer mat iwwer 10 Minutte Retard als 36. an d'Zil a steet elo ganz kuerz virun der Schlussvictoire, wann hien e Sonndeg zu Madrid ukënnt. Den US-Amerikaner huet am General eng Avance vu 17 Sekonnen op säin Teamkolleeg Jonas Vingegaard. Am Biergklassement geet de Maillot un de Remco Evenepoel, dee sech op der leschter Etapp och nach den Trikot vum beschte Sprinter krope kann.

De Michel Ries koum e Samschdeg mat engem Retard vu 16 Minutten op Plaz 77 a läit am Generalklassement op der Plaz 62.

D'Klassement vun der Etapp

1 POELS Wout Bahrain - Victorious 4:59:29
2 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 0:00
3 SÁNCHEZ Pelayo Burgos-BH 0:00
4 VAN EETVELT Lennert Lotto Dstny 0:00
5 SOLER Marc UAE Team Emirates 0:04
6 COSTA Rui Intermarché - Circus - Wanty 0:26
7 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious 0:26
8 KÄMNA Lennard BORA - hansgrohe 0:26
9 BARDET Romain Team dsm - firmenich 0:26
10 RUBIO Einer Augusto Movistar Team 0:26
...
77 RIES Michel Team Arkéa-Samsic 16:01

D'Generalklassement

1 KUSS Sepp Team Jumbo-Visma 74:23:42
2 VINGEGAARD Jonas Team Jumbo-Visma 0:17
3 ROGLIC Primoz Team Jumbo-Visma 1:08
4 AYUSO Juan UAE Team Emirates 3:44
5 LANDA Mikel Bahrain Victorious 4:03
6 MAS Enric Movistar 4:14
7 VLASOV Aleksandr Bora-Hansgrohe 8:19
8 UIJTDEBROEKS Cian Bora-Hansgrohe 8:26
9 ALMEIDA Joao UAE Team Emirates 10:08
10 BUITRAGO Santiago Bahrain Victorious 12:04
...
62 RIES Michel Team Arkéa-Samsic 2:35:58