D'Liane Lippert huet déi 3. Etapp vum Tour de Romandie virum Fem van Empel an dem Silvia Persico gewonnen. D'Christine Majerus gouf dat 66..

Déi däitsch Cyclistin aus dem Movistar Team huet sech no 131,9 Kilometer vu Vernier op Nyon am Sprint duerchgesat. D'Fem van Empel (Jumbo-Visma) an d'Silvia Persico (UAE Team ADQ) hunn de Podium komplettéiert. D'Christine Majerus hat op der 66. Plaz e Retard vun iwwer 10 Minutten.

Am General bleift Demi Vollering mat engem Virsprong vu 6 Sekonnen op Katarzyna Niewiadoma op der 1. Plaz. D'Christine Majerus läit hei och op der 66. Plaz.

D'Klassement vun der Etapp

1 LIPPERT Liane Movistar Team 3:18:31
2 VAN EMPEL Fem Team Jumbo-Visma ,,
3 PERSICO Silvia UAE Team ADQ ,,
4 REUSSER Marlen Team SD Worx ,,
5 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Quick-Step ,,
...
66 MAJERUS Christine Team SD Worx +10:27

De General

1 VOLLERING Demi Team SD Worx 10:12:50
2 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing +0:06
3 REUSSER Marlen Team SD Worx +0:12
4 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich +0:27
5 PERSICO Silvia UAE Team ADQ +1:12
...
66 MAJERUS Christine Team SD Worx +30:07