Lescht Etapp fir de Kaden Groves, Schlussvictoire un de Sepp Kuss

© OSCAR DEL POZO/AFP
De Sepp Kuss huet déi 78. Editioun vun der Vuelta gewonnen. Op der 21. Etapp huet sech de Kaden Groves duerchgesat. De Michel Ries gëtt de 66. am General.
No 101,5 Kilometer hat de Kaden Groves (Alpecin-Deceuninck) am Sprint op der Arrivée d'Nues vir. D'Plazen 2 an 3 goungen un de Filippo Ganna (INEOS Grenadiers) an den Nico Denz (BORA - hansgrohe). De Michel Ries ass op der Plaz 128 mat engem Retard vun iwwer 3 Minutten ukomm.
Déi lescht 40 Kilometer goufe vun engem klenge Grupp ëm de Remco Evenepoel an de Kaden Groves animéiert. Sechs Coureuren haten sech ofgesat, déi sech bis kuerz viru Schluss virum Peloton hale konnten. De Virsprong ass fir de Kaden Groves duergaange, fir sech duerchzesetzen.
D'Schlussvictoire geet un de Sepp Kuss. Jumbo-Visma huet domadder an dësem Joer souwuel de Giro d'Italia, den Tour de France an d'Vuelta gewonnen, dat gouf et nach ni. Beim Tour duerch Spuenien stoungen um Enn souguer mam Primoz Roglic op der 3. Plaz a mam Jonas Vingegaard op der 2. Plaz zwee weider Coureure vun der hollännescher Ekipp um Podium. De Michel Ries huet d'Vuelta op der 66. Plaz ofgeschloss.
De Maillot vum beschte Grimpeur war fir de Remco Evenepoel (Soudal - Quick Step). De Juan Ayuso (UAE Team Emirates) war de beschte jonke Fuerer. D'Punktewäertung goung un de Kaden Groves (Alpecin-Deceuninck).
D'Klassement vun der Etapp
1 GROVES Kaden Alpecin-Deceuninck 2:24:13
2 GANNA Filippo INEOS Grenadiers ,,
3 DENZ Nico BORA - hansgrohe ,,
4 PAGE Hugo Intermarché - Circus - Wanty ,,
5 GARCÍA CORTINA Iván Movistar Team ,,
6 COSTA Rui Intermarché - Circus - Wanty ,,
7 VAN DEN BERG Marijn EF Education-EasyPost ,,
8 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step ,,
9 VAN GESTEL Dries TotalEnergies ,,
10 KÄMNA Lennard BORA - hansgrohe ,,
...
128 RIES Michel Team Arkéa Samsic +3:20
De General
1 KUSS Sepp Jumbo-Visma 76:48:21
2 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma +0:17
3 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma +1:08
4 AYUSO Juan UAE Team Emirates +3:25
5 LANDA Mikel Bahrain - Victorious +3:44
6 MAS Enric Movistar Team +4:14
7 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe +8:06
8 UIJTDEBROEKS Cian BORA - hansgrohe +8:13
9 ALMEIDA João UAE Team Emirates +10:08
10 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious +11:51
...
66 RIES Michel Team Arkéa Samsic +2:38:52