709 Kilometer verdeelt op 5 Deeg
709 Kilometer verdeelt op 5 Etappe stinn um Programm. Den Depart vun der 83. Editioun ass e Mëttwoch an der Abtei Neimënster.
Wat sinn d'Ambitioune vun de Lëtzebuerger?
Mat dobäi sinn aus Lëtzebuerger Siicht ënnert anerem de Lëtzebuerger Champion Alex Kirsch, de Bob Jungels an de Kevin Geniets. 14 Joer no der leschter Lëtzebuerger Victoire vum Fränk Schleck ass d'Hoffnung op ee weidere Lëtzebuerger Succès op en Neits grouss, dat sot den Andy Schleck d'lescht Woch op der Presentatioun vun dëser Editioun. Den Alex Kirsch ass héich motivéiert, fir virum eegene Public am rout-wäiss-bloe Maillot seng gutt Form an e Resultat ëmzemënzen. D'Ekipp Lidl-Trek ass dofir bekannt, datt se op Lëtzebuerger Stroossen Initiativ ergräifen an haten d'lescht Joer de General gewonnen.
Bei Bora-Hansgrohe wäert d'Ekipp fir de Bob Jungels fueren, och hien huet Ambitiounen no enger laanger Saison, sech ze weisen. D'Ekipp ass mat staarke Rouleure gutt opgestallt.
Vum Pabeier hir ass Groupama FDJ wuel déi Ekipp, déi am beschten opgestallt ass. Nieft dem Kevin Geniets fuere mam David Gaudu, dem franséische Champion Valentin Madouas an dem Thibaut Pinot dräi grouss Staren aus dem Hexagon u senger Säit.
Insgesamt ginn 8 Lëtzebuerger un den Depart, fir si gëllt et, sech an engem staarke Peloton esou gutt wéi méiglech aus der Affär ze zéien.
Grouss international Konkurrenz
Mam amtéierenden Olympia-Gewënner Richard Carapaz, dem zweefache Weltmeeschter Julian Alaphilippe oder dem Gewënner vun der Kinneksetapp vum Tour de France Felix Gall kann ee sech op spannend Momenter freeën.
De Parcours
Déi éischt Etapp ass direkt eng fir d'Klassementsfuerer. Op engem wallonnéierten Terrain mat der Arrivée um Kierchbierg mussen d'Coureuren ënner anerem de Stafelter vu Walfer erop fueren. Déi zweet Etapp iwwert 183 Kilometer mam Schlussstréch virun der Maison Nicolas Frantz zu Mamer ass fir d'Sprinter. Um drëtten Dag ass d'Kinneksetapp, direkt dräimol geet et den Niklosbierg erop, d'Arrivée ass am Veianer Schlass.
Den Dag drop ass zu Péiteng en Zäitfueren iwwert 23,9 Kilometer. Déi lescht Etapp geet vu Miersch an d'Stad mat Arrivée um Lampertsbierg.
Um éischten RTL an um Internet kënnt dir bei all Course live mat dobäi sinn. Den Tom Flammang an de Kim Kirchen iwwerdroe vu muer 15 Auer un déi éischt Etapp.