Jenthe Biermans wënnt Etapp - Kragh Andersen neie Leader
Op der zweeter Etapp goung et iwwer 183,9 Kilometer vu Munneref bis op Mamer, mat direkt dräi Koppen, wou et Punkte fir de Biergtrikot gouf.
Et hat sech fréi eng Echappée forméiert, an där och de Lëtzebuerger Mats Wenzel war, dee Punkte fir de Biergtrikot sammele wollt. Dat ass dem jonke Lëtzebuerger och gelongen, ma no der Montée um Mariendallerhaff huet hie sech zeréck an de Peloton fale gelooss. Dëst wuel fir Energie ze spueren an esou déi nächsten Deeg méi fit ze sinn, fir weider op d'Juegd no Punkte fir de Biergtrikot ze goen. No sengem Ausfall waren nach véier Coureuren un der Spëtzt, si haten eng 35 Kilometer virun der Arrivée nach knapp 50 Sekonnen Avance op de Peloton. Hei war et d'Ekipp vu Bora, déi den Tempo gemaach huet, wuel, fir hirem Sprinter an der Ekipp eng Chance op d'Victoire ze ginn.
Eng 30 Kilometer virun der Arrivée sinn d'Coureuren an eng staark Reeschauer gefuer. Dat schlecht Wieder huet der Echappée net an d'Kaarte gespillt an déi dräi Leit un der Spëtzt goufen agefaangen. An de leschte Kilometer hu verschidde Coureure probéiert, fir sech vir am Peloton ze positionéieren, fir enger méiglecher Chute wéinst dem schlechte Wieder aus de Féiss ze goen. Nom Rond-point ee Kilometer viru Schluss ass de Sprint du lancéiert ginn, bei deem de Belsch Jenthe Biermans déi beschte Been hat. De Maillot Jaune ass no dëser Etapp op de Schëllere vum Dän Soren Kragh Andersen.
An der Lutte ëm de Biergtrikot läit aktuell de Mats Wenzel un der Spëtzt, dat mat 20 Punkten an 9 Punkten Avance op den Zweete Lennert Teugels.
D'Resultat vun der 2. Etapp
1 BIERMANS Jenthe Team Arkéa Samsic 4:31:10
2 KRAGH ANDERSEN Søren Alpecin-Deceuninck ,,
3 VAN DIJKE Tim Jumbo-Visma ,,
4 MEEUS Jordi BORA - hansgrohe ,,
5 BAGIOLI Andrea Soudal - Quick Step ,,
6 KIRSCH Alex Lidl - Trek ,,
7 ARANBURU Alex Movistar Team ,,
8 VAN GILS Maxim Lotto Dstny 1 ,,
9 BONNAMOUR Franck AG2R Citroën Team ,,
10 PLUIMERS Rick Tudor Pro Cycling Team ,,
...
28 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team ,,
48 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
55 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe ,,
74 WIRTGEN Tom Global 6 Cycling 0:21
93 PRIES Cedric Leopard TOGT Pro Cycling 2:37
109 WENZEL Mats Leopard TOGT Pro Cycling 14:21
De Luc Wirtgen ass d'Course net op en Enn gefuer.
D'Generalklassement no der 2. Etapp
1 KRAGH ANDERSEN Søren Alpecin-Deceuninck 8:21:59
2 STRONG Corbin Israel - Premier Tech 0:02
3 ARANBURU Alex Movistar Team 0:08
4 HERMANS Quinten Alpecin-Deceuninck 0:09
5 KIRSCH Alex Lidl - Trek 0:11
6 BAGIOLI Andrea Soudal - Quick Step 0:12
7 PLUIMERS Rick Tudor Pro Cycling Team ,,
8 CICCONE Giulio Lidl - Trek ,,
9 VAN GILS Maxim Lotto Dstny ,,
10VAN WILDER Ilan Soudal - Quick Step ,,
...
28 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 0:12
39 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 0:12
50 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 0:39
76 WIRTGEN Tom Global 6 Cycling 5:52
107 PRIES Cedric Leopard TOGT Pro Cycling 18:27
108 WENZEL Mats Leopard TOGT Pro Cycling 22:45