Ben Healy wënnt Etapp en solitaire an ass neie Leader
Op der Kinneksetapp ass et e Freideg iwwer 168 Kilometer vu Mäertert op Veianen gaangen.
D'Decisioun op der 3. Etapp ass um schwéiere Schlusscircuit ronderëm Veianen mat dräi Passagen um Niklosbierg (HC) gefall. De Ben Healy war um Enn dee stäerkste Coureur a konnt sech am Veianer Schlass d'Victoire en solitaire sécheren an ass elo den neie Leader. De Marc Hirschi an den Dylan Teuns sinn als Zweeten an Drëtten op 15 respektiv 18 Sekonnen ukomm.
Beschte Lëtzebuerger war den Arthur Kluckers als 23. op 51 Sekonnen. Hien ass no senger staarker Leeschtung op der Kinneksetapp elo den 20 op eng Minutt an eng Sekonn am General.
Den Ir hat eng 30 Kilometer virun der Arrivée aus dem Peloton eraus attackéiert an hat séier bei de Bastien Tronchon opgeschloss. De Fransous war de leschte Mann aus der Echappée vum Dag, deen nach net agefaange gi war. Am Agang vum leschten Tour, 18 Kilometer viru Schluss, huet den Healy den Tronchon du stoe gelooss. Hannendru koum et am Grupp mat de Favoritten ëmmer nees zu Attacken. 14 Kilometer virun der Arrivée konnt sech den Duo Marc Hirschi an Dylan Teuns ofsetzen. Si haten deen Ament e Réckstand vu ronn 25 Sekonnen op de Mann un der Spëtzt.
Um Enn ass et dem Ben Healy gelongen, fir eng kleng Avance iwwert d'Arrivée ze retten. Mat senger Victoire ass hien elo den neie Leader am General. Hien huet e Virsprong vun 19 Sekonnen op de Marc Hirschi. Drëtten ass den Dylan Teuns op 24 Sekonnen.
De Lëtzebuerger Mats Wenzel war op en Neits an der Echappée vum Dag vertrueden. Hei konnt de Lëtzebuerger weider Punkten an der Lutte ëm de Biergtrikot sammelen, esou datt dësen och op senge Schëllere bleift.
Um RTL Play fannt Dir déi ganz Etappe vum Skoda Tour de Luxembourg am Replay.
D'Klassement vun der Etapp
1 HEALY Ben EF Education-EasyPost 4:16:33
2 HIRSCHI Marc UAE Team Emirates 0:15
3 TEUNS Dylan Israel - Premier Tech 0:18
4 VAN GILS Maxim Lotto Dstny 5 7 0:37
5 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates 3 4 ,,
6 RYAN Archie Jumbo-Visma 3 ,,
7 JORGENSON Matteo Movistar Team 2 ,,
8 KRAGH ANDERSEN Søren Alpecin-Deceuninck 1 0:45
9 CARAPAZ Richard EF Education-EasyPost ,,
10 BENOOT Tiesj Jumbo-Visma ,,
...
23 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 0:51
40 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 4:11
41 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 4:14
64 WENZEL Mats Leopard TOGT Pro Cycling 10:51
90 WIRTGEN Tom Global 6 Cycling 14:50
95 KIRSCH Alex Lidl - Trek 15:02
102 PRIES Cedric Leopard TOGT Pro Cycling 18:14
De General
1 HEALY Ben EF Education-EasyPost 12:38:34
2 HIRSCHI Marc UAE Team Emirates 0:19
3 TEUNS Dylan Israel - Premier Tech 0:24
4 KRAGH ANDERSEN Søren Alpecin-Deceuninck 0:43
5 VAN GILS Maxim Lotto Dstny 0:47
6 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates ,,
7 JORGENSON Matteo Movistar Team ,,
8 VAN WILDER Ilan Soudal - Quick Step 0:55
9 CARAPAZ Richard EF Education-EasyPost ,,
10 BENOOT Tiesj Jumbo-Visma ,,
...
20 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 1:01
39 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 4:24
40 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 4:48
70 KIRSCH Alex Lidl - Trek 15:11