Staark 5. Plaz fir d'Marie Schreiber bei den U23

© Val Wagner (Archiv)
D'Lëtzebuergerin hat e Réckstand vun 13 Sekonnen op d'Gewënnerin Ilse Pluimers aus Holland.
An Holland ginn den Ament déi nei Europameeschteren am Cyclissem op der Strooss gesicht. E Freideg ass d'Marie Schreiber an der Stroossecourse bei den U23-Dammen op déi excellent fënneft Plaz gefuer. D'Lëtzebuergerin hat no 108 Kilometer e Réckstand vun 13 Sekonnen op d'Ilse Pluimers. D'Hollännerin huet sech mat enger Avance vun enger Sekonn op d'Anna Shackley den Europameeschtertitel geséchert. Bronze war fir d'Linda Zanetti aus der Schwäiz. Och si hat e Retard vun enger Sekonn.
Bei den U23-Hären ass de Loïc Bettendorff als beschte Lëtzebuerger den 22. ginn. Hien hat e Retard vu 47 Sekonnen op den Europameeschter Henrik Pedersen aus Dänemark. Hei ware Sëlwer a Bronze fir de Spuenier Ivan Romeo an de Fransous Magnier Paul.
D'Klassement vun den U23-Dammen
1 PLUIMERS Ilse Netherlands 125 2:46:33
2 SHACKLEY Anna Great Britain 85 0:01
3 ZANETTI Linda Switzerland 70 ,,
4 MASETTI Gaia Italy 60 0:05
5 SCHREIBER Marie Luxembourg 50 0:13
6 KOPECKÝ Julia Czech Republic 40 0:14
7 RÜEGG Noemi Switzerland 35 0:22
8 VAN EMPEL Fem Netherlands 30 ,,
9 GASPARRINI Eleonora Camilla Italy 25 0:24
10 WŁODARCZYK Dominika Poland 20 0:25
...
33 BERTON Nina Luxembourg 0:45
51 WENZEL Liv Luxembourg 4:24
D'Klassement vun den U23-Hären
1 PEDERSEN Henrik Denmark 3:00:12
2 ROMEO Iván Spain 0:25
3 MAGNIER Paul France 0:37
4 MIHKELS Madis Estonia 0:38
5 KOPECKÝ Matyáš Czech Republic ,,
6 TEUTENBERG Tim Torn Germany ,,
7 BUSATTO Francesco Italy ,,
8 CHRISTEN Fabio Switzerland ,,
9 DE PRETTO Davide Italy 0:40
10 UHLIG Henri Germany ,,
...
22 BETTENDORFF Loïc Luxembourg 0:47
28 KESS Alexandre Luxembourg ,,
78 KOCKELMANN Mathieu Luxembourg 6:56
102 URY Noé Luxembourg 8:25
114 WALLENBORN Arno Luxembourg 9:14