De Schwäizer Coureur hëlt dem Ben Healy mat senger 7. Plaz am Zäitfueren de Maillot Jaune of. Zwee Lëtzebuerger hunn et iwwerdeems an d'Top-10 gepackt.

Um véierten Dag vum Skoda Tour de Luxembourg stoung fir d'Coureuren en Zäitfueren mat Depart an Arrivée zu Péiteng um Programm.

Dobäi ass et dem Belsch Victor Campenaerts gelonge mat enger Zäit vun 28:06 Minutten de séierste Chrono opzestellen. Hie wënnt d'Zäitfuere mat enger knapper Avance vun enger Sekonn virum Brandon McNulty an 20 Sekonne virum Diego Ulissi. Mam Alex Kirsch (9.) an dem Arthur Kluckers (10.) hunn et gläich zwee Lëtzebuerger Coureuren ënnert déi bescht Zéng vum Dag gepackt.

Am General ass et dem Marc Hirschi mat senger 7. Plaz gelongen, de Maillot Jaune vum Ben Healy u sech ze huelen. Hie geet als neie Leader am General mat engem knappe Virsprong op déi lescht Etapp e Sonndeg, wou et iwwer 177,2 Kilometer vu Miersch bis op de Lampertsbierg geet.

Um RTL Play fannt Dir déi ganz Etappe vum Skoda Tour de Luxembourg am Replay.

D'Klassement vum Zäitfueren

1 CAMPENAERTS Victor 0:28:06
2 MCNULTY Brandon 0:01
3 ULISSI Diego 0:20
4 GROßSCHARTNER Felix 0:22
5 VAN WILDER Ilan 0:24
6 BOUWMAN Koen ,,
7 HIRSCHI Marc
UAE Team Emirates 0:27
8 O'CONNOR Ben ,,
9 KIRSCH Alex 0:32
10 KLUCKERS Arthur 0:41

25 JUNGELS Bob 1:20
46 GENIETS Kevin 1:50
87 WIRTGEN Tom 3:12
97 PRIES Cedric 3:48
100 WENZEL Mats 4:12

D'Generalklassement

1 HIRSCHI Marc 13:07:26
2 MCNULTY Brandon 0:02
3 HEALY Ben 0:03
4 ULISSI Diego 0:33
5 VAN WILDER Ilan ,,
6 GROßSCHARTNER Felix 0:37
7 BOUWMAN Koen 0:39
8 O'CONNOR Ben 0:42
9 KRAGH ANDERSEN Søren 0:45
10 KLUCKERS Arthur 0:56

36 JUNGELS Bob 4:58
41 GENIETS Kevin 5:52
64 KIRSCH Alex 14:57
80 WIRTGEN Tom 23:06
103 WENZEL Mats 36:58
104 PRIES Cedric 39:41