Christophe Laporte neien Europameeschter

© AFP
De Fransous gewënnt am Sprint virum Wout van Aert an dem Olav Kooij. Et war kee Lëtzebuerger um Depart.
Bei den aachte Kontinentalmeeschterschafte war de Christophe Laporte no 200 Kilometer de Séiersten. No der Mischa Bredevold bei den Dammen e Samschdeg, konnt de Fransous sech bei den Häre behaapten.
Zwee Kilometer virun der Arrivée hat de Christophe Laporte nach eng Avance vun néng Sekonnen op seng Verfolger, déi hunn hien awer nach ageholl, sou dass et op de leschte Meter zu engem Sprint koum. De Fransous hat do déi séierst Been a fiert an der selwechter Zäit virum Wout van Aert, dem Olav Kooij an dem Arnaud de Lie iwwer d'Arrivée. Et war déi fënnef Victoire fir de Laporte an dëser Saison.
Fir Lëtzebuerg war kee Coureur um Depart.
D'Klassement
1 LAPORTE Christophe 4:15:50
2 VAN AERT Wout 0:00
3 KOOIJ Olav 0:00
4 DE LIE Arnaud 0:00
5 TEUNISSEN Mike 0:08
6 TILLER Rasmus 0:08
7 PEDERSEN Mads 0:13
8 DEGENKOLB John 0:14
9 KRON Andreas 0:39
10 SÉNÉCHAL Florian 0:40