Déi meescht hunn et warscheinlech matkritt. D'lescht Woch war op de Lëtzebuerger Stroosse mam Tour de Luxembourg eng méi lass.

Och wann d'Wieder net all Dag matgespillt huet, hu sech vill Leit dëse Spektakel net entgoe gelooss. Den Highlight vun dësem Tour war awer definitiv d'Arrivée am Schlass zu Veianen. Ma wéi fält de Bilan no dëser 83. Editioun aus a wéini steet deen nächsten Tour de Luxembourg um Programm? Mir hunn dat beim President vum Tour de Luxembourg Andy Schleck nogefrot.