No 5 Etappen huet den Arthur Kluckers sech am Schlussklassement vum Tour de Luxembourg als 11. klasséiert. Domat war hien de beschte Lëtzebuerger.

Am Laf vum Tour hat den 23 Joer ale Coureur sech och virgeholl, an d'Top 10 ze kommen. Um Enn sollt et awer no 709,8 Kilometer knapps net duergoen. Den Arthur Kluckers klassiert sech zum Schluss als 11., 58 Sekonnen hannert dem Schlussgewënner Marc Hirschi aus der Schwäiz. De Bob Jungels hat als 34. an domat  zweetbeschten FSCL-Coureur e Retard vun 4 Minutten an 52 Sekonnen op den Hirschi.

Den Arthur Kluckers am Portrait / Franky Hippert

Den Tour de Luxembourg war zanter dem Ufank vun der Saison en Zil fir den 23 Joer alen Kluckers. Zanter dëser Saison fiert de Lëtzebuerger bei der Pro-Contiental Equipe Tudor Pro Cycling, hannert där jo der fréiere Weltklasse-Coureur Fabian Cancellara stécht.

Nieft dem 1.91 Meter grousse Coureur fiert och nach de Luc Wirtgen bei der Schwäizer Equipe. An Zukunft wëll sech den Arthur Kluckers op Dagescourssen , Zäitfueren, respektiv Etappecourssen, déi iwwert eng Woch ginn an an deenen net ze vill Bierger sinn, konzentréieren.