Loïc Bettendorff wënnt den Urban Night Cross
E Samschdegowend gouf zu Recken op der Mess d'Cyclocross-Saison agelaut. De Parcours goung iwwer 2,3 Kilometer duerch den extra beliichten Duerfkär.
Den éischte Cyclocross vun der Saison war direkt e ganz speziellen: en Nuetscross. Bei dëser Editioun waren nees vill Coureuren um Depart, net manner wéi 127 Sportlerinnen a Sportler, an d'Wieder hat matgespillt, sou dass sech vill Spectateuren zu Recken op der Mess versammelt haten.
Bei der Elite war et bis zum Schluss eng enk a spannend Course, wou och d'Lëtzebuerger Raphaël Kockelmann, Ken Conter a Loïc Bettendorf am Spëtzegrupp matgemëscht hunn. Am leschten Tour huet de Loïc Bettendorf forcéiert a konnt d'Konkurrenz distanzéieren. Mat e puer Sekonnen Avance huet de Bettendorff sech op der Ligne d'arrivée presentéiert an ass domat den éischte Leader vum Skoda Cross Cup. De Fransous Gathier Rouxel gëtt Zweete virum Ken Conter.
Den nächste Cross steet den nächste Samschdeg zu Dippech um Programm.