Optakt vun de Bauaarbechte fir den neie Vëlodrom zu Munneref
Kuerz virun der Summervakanz gouf de Projet unanime an der Chamber ugeholl.
E Méindeg fänken d'Bauaarbechten um neie Vëlodrom zu Munneref offiziell un. A 4 bis 5 Joer soll en da stoen. D'Käschte belafe sech op ronn 55 Milliounen Euro.
Ronderëm de Vëlodrom entsteet iwwerdeems e ganze Sport- a Schoulkomplex.

17 Joer no der Annonce vum deemolege Premier Jean-Claude Juncker, datt Lëtzebuerg nees e Vëlodrome géif kréien, war zu Munneref den offiziellen Spuedestéch fir déi Sportinfrastruktur.
Nom nationale Futtballstadion geet deemno eng zweet Never Ending story awer mat engem Happy End op en Enn. De Jean-Claude Juncker hat déi Annonce iwwer de Vëlodrome 2006 am Kader vum Radio Sport Club hei op eiser Antenne gemaach, an där de Frank Schleck deemools no senge Victoiren bei der Amstel Gold Race an der Alpe d'Huez am Tour de France, als frëschgebakene Sportler vum Joer Invité war. De fréiere Vëlosproffi war a senger Heemechtsstad natierlech och dobäi: Jo, lange ist es her...haut den éischte Spuedestéch ze setzen, immens frou fir de Sport am Allgemengen, de Vëlodrome kënnt jo awer net eleng, do gëtt eppes gemaach fir de Sport an den Tourismus.
Als Coordinateur bei der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun, weess den 43 Joer ale Schleck awer natierlech och wéi wichteg de Vëlodrome fir déi Jonk ass:
Jo ass richteg, mécht ganz vill aner Disziplinnen op, mä wat méi wichteg ass, ass, datt de Vëlossport Nowuess brauch. Elteren, an ech weess wéi schwéier et ass, e Kand vun 11 Joer no der Schoul um 4 Auer op d’Strooss ze schécken. Hei erhoffen ech mer ganz vill vum Vëlodrome, datt d’Elteren hir Kanner an eng Hal bréngen, wéi mer se op de Basket bréngen.
De finanzielle Volet gëtt bei eise Projeten natierlech och ëmmer gär diskutéiert. Nieft dem Vëlodrome, deen zu 100 Prozent vum Sportministere finanzéiert gëtt, sinn och nach eng Erliefnisschwämm fir d'Allgemengheet wéi och nach Sportshalen fir de Munnerefer Lycée ageplangt, de Buergermeeschter aus der Thermalstad Steve Reckel:
Mir schwätzen haut vun deem ganze Komplex vun 115 Milliounen, wou iwwert d’Finanzéierungsgesetz 55 Milliounen direkt fir de Vëlodrome kommen.
De ganze Site, wou déi Infrastrukturen hikommen, heescht Prënz Charel, de Fils also vum Ierfgroussherzog Guillaume, e Numm fir de Vëlodrome gouf nach net diskutéiert. A 4 Joer soll de Vëlodrome fäerdeg sinn, dee ganze Projet soll a 5 Joer ofgeschloss sinn.