1966 gouf dee leschte Vëlodrome am Land zu Nidderkuer zougemaach. Zanterdeem huet d'Vëlosfederatioun op en neie Vëlodrome gewaart.

E Méindeg war den Optakt vun de Bauaarbechte fir déi nei Infrastruktur zu Munneref. Genee wéi säi Virgänger Jean Regenwetter, huet och den aktuelle President vun der Vëlosfederatioun Camille Dahm d'Hoffnung ni opginn:

"Ech sinn eigentlech e groussen Optimist, wann ech moies opstinn, geet d'Sonn op. Déi lescht Joren hate mer jo lo ganz gutt Kontakter iwwert de Sportsministère mat der Gemeng, an ech war voll iwwerzeegt, datt dat géif opgoen, a wéi mer lo am Juli d'Finanzéierungsgesetz um Dësch haten, du war et evident, datt mer lo lassleeën. Also ech hunn nach ëmmer dru gegleeft, ech sinn elo 8 Joer am Rennen. Et ass eng wichteg Saach fir alleguerten eis Cyclisten, ob se lo professionell ënnerwee sinn, ob se Kompetitioun maachen, oder ob se am Fräizäitberäich sinn, dat ass egal. Mir kënnen a sécheren, rouege Konditiounen, Summer wéi Wanter, eisem Sport nogoen. Dat verhënnert natierlech net, datt mer och deelweis op der Strooss nach ëmmer ënnerwee sinn, dat musse mer, mä et ass een Outil, dee mer einfach mussen hunn."

De Camille Dahm iwwert den neie Vëlodrome zu Munneref

D'Lëtzebuerger Vëlosfederatioun kritt hire Sëtz op Munneref an den neie Vëlodrome, deen och hiren neien nationalen Zenter ass. Iwwerdeems kuckt ee sech schonn no de richtege Leit ëm, fir spéider den Training op der Bunn ze halen.