E Sonndeg gëtt déi 117. Editioun vu Paris-Tours gefuer
D'Saison geet sou lues op en Enn an d'Organisateuren hunn de Parcours an de leschte Jore par rapport zu fréier geännert.
Si proposéieren de Coureuren an dem Publik eng spektakulär Course. E Parcours op deem och d'Lëtzebuerger Sportler eng interessant Roll kënne spillen.
Mir ginn zréck an d'Editioun 2022. Den Alex Kirsch ass bei Paris-Tours an der Finall vun der Course aktiv a weist op deem Parcours duerch d'Wéngerten an iwwer Feldweeër, datt d'Form och Enn der Saison nach gutt ass. Op den 214 Kilometer, déi e Sonndeg ze fueren sinn, brauch een e bësse Chance, fir vu Materialpech verschount ze bleiwen, an eng gutt Iwwersiicht, fir am Coup ze sinn.
Fréier war d'Course meeschtens fir d'Sprinter, mam neien, méi selektive Parcours, kréien awer och d'Klassikerspezialisten hir Chance. Dat dierft e Sonndeg net anescht sinn. Nieft dem Alex Kirsch stinn aus Lëtzebuerger Siicht nach de Kevin Geniets an de Larry Valvasori op der provisorescher Startlëscht. De Lëtzebuerger Champion ass op jiddwer Fall nach emol motivéiert a misst e puer Fräiheeten hunn.
D'lescht Joer war et fir den Alex Kirsch net duergaangen. An den zwee leschte Kilometer war d'Echappée vun engem deziméierte Peloton nees agefaange ginn an den Arnaud Démare hat gewonnen. Wéi et dëst Joer geet, dat gesitt Dir e Sonndeg live vu 15.10 Auer un op RTL ZWEE an op RTL.lu.