Bei der 117. Editioun vum Tour de Lombardie ass et um Samschdeg fir d'Coureuren iwwer 238 Kilometer vu Como op Bergamo gaangen.

Um Enn konnt den Tadej Pogacar d'Course fir déi drëtt Kéier hannereneen gewannen. Hannert dem Slowen sinn den Andrea Bagioli an de Primoz Roglic op d'Plazen 2 an 3 komm.

Ganz um Ufank hate sech direkt eng Rei Coureuren ofgesat, déi sech tëschenzäitlech eng Avance vun iwwer 5 Minutte erausgefuer sinn.

Knapp 70 Kilometer viru Schluss ass d'Spëtzegrupp dunn auserneegefall, wouropshin de Ben Healy an de Martin Marcellusi eleng un der Spëtzt louchen. Knapp 40 Kilometer virun der Arrivée hate si ee Virsprong vun enger hallwer Minutt op dee vun Jumbo-Visma ugefouerte Peloton.

Nodeems de Peloton déi zwee Coureuren dunn ageholl hat, ass et vir chaotesch ginn. Eng Grupp, bei där ënner anerem den Tadej Pogacar, de Primoz Roglic an d'Gebridder Yates dobäi waren, konnt sech ofsetzen. De Remco Evenepoel war iwwerdeems net méi ënnert deene Coureuren.

Schliisslech war et de Pogacar, dee ronn 20 Kilometer viru Schluss eng decisiv Attack lancéiert huet a sech sou eng Avance vu ronn 35 Sekonnen erausgeschafft huet. Dës ass bis zum Schluss just nach méi grouss ginn, woumat de Slowen déi 117. Editioun vum Tour de Lombardie fir sech entscheede kann. Komplettéiert gëtt de Podium vum Andrea Bagioli an dem Primoz Roglic.

Aus Lëtzebuerger Siicht ass iwwerdeems de Bob Jungels mat un den Depart gaangen. Hien ass als 67. iwwer d'Zillinn gefuer, dat mat engem Retard vun 13 Minutten a 9 Sekonnen.

D'Top 10

1 POGACAR Tadej UAE Team Emirates 5:55:33
2 BAGIOLI Andrea Soudal - Quick Step +0:51
3 ROGLIC Primoz Jumbo-Visma ,,
4 YATES Simon Team Jayco AlUla ,,
5 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe ,,
6 YATES Adam UAE Team Emirates ,,
7 RODRIGUEZ Carlos INEOS Grenadiers ,,
8 CARAPAZ Richard EF Education-EasyPost +1:05
9 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step +1:25
10 KRON Andreas Lotto Dstny ,,
...
67 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +13:09