E Samschdeg hat den Dippecher Veräin zu Schuller de regionale Cyclocross organiséiert.

Beim 2. Cyclocross vun der Saison gëtt et eng Victoire fir de Loïc Bettendorff. Op d'Éiereplaze kommen de Ken Conter an de jonken Noa Berton.

Beim Optakt vun der Cross-Saison d'lescht Woch gouf et eng Victoire fir de Loïc Bettendorff. De Coureur, deen am Atertdaul forméiert ginn ass, war deemno och e Samschdeg nees de Favorit an ass senger Roll gerecht ginn.

Um 15.15 Auer sinn e Samschdeg de Mëtteg 35 Coureuren an der Elite- an Espoirs-Course op de Parcours geschéckt ginn. D'Streck bei der Schoul zu Schuller huet de Sportler alles ofverlaangt a war e wichtegen Test fréi an der Saison.

Fréi an der Course huet een de Loïc Bettendorff an den Noa Berton an den éischte Positioune gesinn. De Bettendorff ass am Laf vum éischten Tour gefall, mee konnt d'Lach nees séier zoufueren. Hannendrun huet de Ken Conter probéiert, den Uschloss ze fannen. Den Noa Berton huet sech quasi iwwer déi ganz Course an den dräi éischte Positiounen opgehalen.

Spannend ëm d'Victoire war et bis den Agang vum leschten Tour. De Ken Conter huet alles versicht, mee huet dann awer missen agesinn, datt de Loïc Bettendorff e Samschdeg net ze schloe war. No 53 Minutte Course ass de Favorit als Vainqueur iwwer d'Arrivée gefuer.

Mat senger 3. Plaz huet sech den Noa Berton och d'Victoire an der Espoirs-Kategorie geséchert. D'nächst Woch schonn hunn d'Cyclocross-Spezialiste Rendez-vous zu Keel.