Riley Sheehan gewënnt aus Echappée eraus

213,9 Kilometer stoungen e Sonndeg tëscht Chartres an Tours um Menü. Um Enn ass eng Echappée vu 5 Mann ganz knapp duerchkomm
An do war et de Riley Sheehan, deen déi beschte Been hat. Den US-Amerikaner gewënnt virum Lewis Askey aus Groussbritannien an dem Tobias Halland Johannessen aus Norwegen. De Peloton hat e Retard vu 7 Sekonnen op de Gewënner.
Dräi Lëtzebuerger ware mat dobäi, de Kevin Geniets (Groupama FDJ) koum op déi 33. Plaz mat engem Retard vun 23 Sekonnen, den Alex Kirsch (Lidl - Trek) gouf de 76. op 5 Minutten a 57 Sekonnen an de Larry Valvasori (Nice Métrople Côte d'Azur) ass mat engem Retard vu 6 Minutten a 25 Sekonnen als 81. iwwer de wäisse Stréch gefuer.
Resultat vun der Course
1 SHEEHAN Riley Israel - Premier Tech 4:39:05
2 ASKEY Lewis Groupama - FDJ 0:00
3 JOHANNESSEN Tobias Halland Uno-X Pro Cycling Team 0:00
4 DELBOVE Joris St Michel - Mavic - Auber93 0:00
5 LE GAC Olivier Groupama - FDJ 0:07
6 LAPORTE Christophe Jumbo-Visma 0:09
7 VAN ASBROECK Tom Israel - Premier Tech 0:09
8 DÉMARE Arnaud Team Arkéa Samsic 0:09
9 THEUNS Edward Lidl - Trek 0:09
10 PENHOËT Paul Groupama - FDJ 0:09