Am Cyclocross gouf et e Sonndeg a Frankräich beim Brumath Bike Festival eng Lëtzebuerger Victoire.

D'Marie Schreiber konnt sech do am Sprint géint d'Hollännerin Leonie Bentveld duerchsetzen. Déi drëtt Plaz war fir d'Lauriane Duraffourg aus Frankräich mat engem Retard vu 26 Sekonnen. D'Maité Barthels koum op déi 15. Plaz mat engem Réckstand vu 4 Minutten a 50 Sekonnen.

D'Resultat am Iwwerbléck

1 SCHREIBER Marie 49:06
2 BENTVELD Leonie Pauwels Sauzen - Bingoal ''
3 DURAFFOURG Lauriane AS Bike Racing 0:26
4 VIDON Amandine Team Fima - RDV Bikeshop Alian 0:33
5 CLAUZEL Hélene AS Bike Racing 0:41
6 CLAUZEL Perrine AS Bike Racing 1:01
7 GERY Célia 1:14
8 FOUQUENET Amandine 1:45
9 GALLEZOT Electa Sebmotobikes CX Team 2:41
10 VALADE Alexandra Team Fima - RDV Bikeshop Alian 2:49