Zu Keel gouf et eng Victoire fir de Ken Conter
De Coureur vu Snooze-VSD konnt sech als Solist virum Noa Berton duerchsetzen. Bei den Damme konnt sech d‘Maïté Barthels duerchsetzen.
36 Coureure sinn e Sonndeg de Mëtteg un den Depart gaangen. Mat der gëfteger Montée d'Léifreschen erop an deem techneschen Deel duerch de Bësch huet de Parcours de Sportler alles ofverlaangt. Ouni de Loïc Bettendorff deen déi bis elo déi gefuere Crossen hei am Land gewonnen hat konnt gespaant sinn wien dee beschte wir.
Am Ufank huet sech eng spannend Course ugedeit, Den Noa Berton an de Ken Conter ware mat den 2 Fransousen Jung a Chopineaux vir, a kruten e bësse mei spéit Gesellschaft vum Arno Wallenborn. Leschtgenannten ass awer no hallwer Course duerch technesch Problemer nees zréckgefall. De Jonken Noa Berton war deen éischten deen d`Konkurrenz getest huet an ass sech eng kleng Avance erausgefuer. Dono koum awer de Konter vum Ken Conter an deen huet d`Virentscheedung mat sech bruecht.
De Ken Conter huet et fäerdeg bruecht an engem Tour Differenz ze maachen an huet séier 30 Sekonnen tëscht sech an d'Konkurrenz bruecht.
Déi 2 lescht Tier iwwer de Parcours ware kee Problem fir de Ken Conter. Mat senger éischter Victoire fir des Saison gëtt hien och neie Leader am Skoda Crosscup. Mat engem zolitte Sprint konnt de Noa Berton den Enzo Chopineaux op déi 3. Plaz verweisen. Nächst Woch ass mam Cross zu Munneref déi nächste regional Epreuve.
Bei den Damme konnt sech d'Maïté Barthels virun hirer Schwëster Layla an dem Laura Piernet aus Frankräich behaapten.