Bei der Victoire vum Fem Van Empel beim Cyclocross Superprestige Overijse war d'Marie Schreiber déi bescht Lëtzebuergerin op der 13. Plaz.

D'Fem Van Empel ass fir den Optakt vun der Cyclocross-Saison weider a gudder Form a gewënnt och de Cyclocross Superprestige Overijse an der Belsch. D'Hollännerin huet hirer Konkurrenz vun Ufank u keng Chance gelooss a setzt sech um Enn mat 54 Sekonne Virsprong virum Ceylin del Carmen Alvarado duerch. Op déi 3. Plaz fiert d'Inge van der Heijden.

D'Marie Schreiber,um Enn op der 13. Plaz mat enge Retard vun iwwer 3 Minutten, ass eng ganz gutt Cours gefuer. D'Lëtzebuergerin ass fréi an d'Offensiv gaangen an huet sech och laang an der Poursuite vum Fem van Empel erëmfonnt. An der Schlussphas konnt d'Marie Schreiber den Tempo dunn net méi ganz matgoen.

D'Maïté Barthels hat um wäisse Stréch e Retard vun iwwer 6 Minutten a fiert domat op d'Plaz 22. D'Layla Barthels kënnt um Enn mat iwwer 7 Minutten op déi 27. Plaz.

Bei de Junioren ass de Rick Meylender op déi 24. Plaz gefuer, de Jonah Flammang ass ënner 71 Konkurrenten de 40. ginn. Si haten e Retard vun 3 Minutten an 8 Sekonnen respektiv 5 Minutten a 14 Sekonnen op de Gewënner Barnabas Vas aus Ungarn.

D'Klassement

01 VAN EMPEL Fem 43:21
02 ALVARADO Ceylin del Carmen + 54
03 VAN DER HEIJDEN Inge + 01:14
04 WORST Annemarie + 01:20
05 VAN ALPHEN Aniek + 01:37
06 BETSEMA Denise + 01:48
07 BENTVELD Leonie + 01:57
08 CLAUZEL Hélène + 01:57
09 KAY Anna + 02:07
10 VERDONSCHOT Laura + 02:26

13 SCHREIBER Marie 3:19
22 BARTHELS Maïté 6:20
27 BARTHELS Layla 7:39