Härecourse geet mat Zäitfueren op en Enn, Damme fuere laanscht Lëtzebuerg
E Mëttwoch war d‘Presentatioun vun der 111. Editioun vum Tour de France dat nächste Joer.
Den Depart ass den 29. Juni zu Florenz. Duerno ginn nach zwou Etappen an Italien gefuer, ier et dann a Frankräich eriwwer geet, wou et dann eng éischte Kéier duerch d'Alpe geet. D'Pyrenäe sti méi spéit um Menü. An der leschter Woch geet et dann nach eng Kéier zeréck an d'Alpen. Déi leschten Etapp ass een Zäitfueren, dat zweet an dësem Tour. 21 Etappen, mat am Ganzen 3.492 Kilometer, gi gefuer. Den héchste Punkt ass d'Cime de la Bonette op 2.802 Meter. Wéinst den Olympesche Spiller ass d'Arrivée den 21. Juli net zu Paräis, mä zu Nice.
- Etapp 1: 29/06 206 km Florence > Rimini
- Etapp 2: 30/06 200 km Cesenatico > Bologne
- Etapp 3: 01/07 229 km Plaisance > Turin
- Etapp 4: 02/07 138 km Pinerolo > Valloire
- Etapp 5: 03/07 177 km Saint-Jean-de-Maurienne > Saint-Vulbas
- Etapp 6: 04/07 163 km Mâcon > Dijon
- Etapp 7: 05/07 25 km Nuits-Saint-Georges > Gevrey-Chambertin
- Etapp 8: 06/07 176 km Semur-en-Auxois > Colombey-les-deux-Églises
- Etapp 9: 07/07 199 km Troyes > Troyes
- Roudag: 08/07 Orléans
- Etapp 10: 09/07 187 km Orléans > Saint-Amand-Montrond
- Etapp 11: 10/07 211 km Évaux-les-Bains > Le Lioran
- Etapp 12: 11/07 204 km Aurillac > Villeneuve-sur-Lot
- Etapp 13: 12/07 171 km Agen > Pau
- Etapp 14: 13/07 152 km Pau > Saint-Lary-Soulan Pla d'Adet
- Etapp 15: 14/07 198 km Loudenvielle > Plateau de Beille
- Roudag: 15/07 Gruissan
- Etapp 16: 16/07 187 km Gruissan > Nimes
- Etapp 17: 17/07 178 km Saint-Paul-Trois-Châteaux > Superdévoluy
- Etapp 18: 18/07 179 km Gap > Barcelonnette
- Etapp 19: 19/07 145 km Embrun > Isola 2000
- Etapp 20: 20/07 133 km Nice > Col de la Couillole
- Etapp 21: 21/07 34 km Monaco > Nice
Den Tour de France fir Dammen ass dëst Joer méi spéit. Den Depart ass méindes den 12. August zu Rotterdam. 3 Etappe ginn an Holland gefuer. Den Héichpunkt dierft d'Arrivée vun der leschter Etapp uewen op der Alpe d'Huez sinn. Zwou Etappe kommen an der Groussregioun un: Eng zu Léck an déi aner zu Amnéville hei vir a Frankräich. Am Ganze ginn 8 Etappe gefuer mat engem Total vun 946 Kilometer.
- Etapp 1: 12/08 124 km Rotterdam > La Haye
- Etapp 2: 13/08 67 km Dordrecht > Rotterdam
- Etapp 3: 13/08 6.3 km Rotterdam > Rotterdam
- Etapp 4: 14/08 122 km Valkenburg > Liège
- Etapp 5: 15/08 150 km Bastogne > Amnéville
- Etapp 6: 16/08 160 km Remiremont > Morteau
- Etapp 7: 17/08 167 km Champagnole > Le Grand-Bornand
- Etapp 8: 18/08 150 km Le Grand-Bornand > Alpe d'Huez
15/08 - 5 Etapp: Bastogne > Amnéville (150 km)
