Hie war vun Enn den 1970er bis an 1990er Joren de beschte Lëtzebuerger Cyclocross-Spezialist.

Bei der Weltmeeschterschaft 1985 zu München huet hien hannert dem Däitsche Klaus Peter Thaler an dem Hollänner Adrie van der Poel d'Bronzemedail gewonnen. An deem Joer gouf hien och zum Sportler vum Joer gewielt. 13 Mol gouf hie Lëtzebuerger Champion am Cyclocross bei der Elite.

RTL dréckt der Famill vum Claude Michely hiert déifst Matgefill aus.