Zu Pontchâteau an der Loire-Atlantique ass fir e Samschdeg ganz vill Wand gemellt, sou datt et zu enger Rei Ännerunge kënnt.

D'Crosse vun den Dammen (Junior an Elite) an och déi vun den Espoir-Häre ginn dowéinst op e Sonndeg verluecht. Lëtzebuerg ass mam Marie Schreiber an der Espoir-Damme-Course a mam Rick Meylender bei de Junior-Männer vertrueden.

Leschte Weekend beim Weltcup zu Maasmechelen an der Belsch war d'Generalprouf fir d'Marie Schreiber méi wéi gegléckt. D'Lëtzebuerger Championne hat an der Espoirs/Elite-Course wéi gewinnt e gudden Depart a konnt sech déi ganz Course iwwer a gudder Positioun halen. No iwwer 50 Minutte Course war et um Enn déi 5. Plaz an der Course awer déi éischten an der Espoir-Kategorie.

Deemno ass eng Medaile zu Pontchâteau sécher keng Utopie. Hir gréisst Konkurrentinne sinn d'Zoe Backstedt aus England, d'Hollännerinn Leonie Bentveld an d'Kristýna Zemanova aus de tschechescher Republik.

Bei de Juniore geet de Rick Meylender fir Lëtzebuerg un den Depart an trëfft op ganz staark Konkurrenz.

D'Course vun den Espoir-Dammen ass e Sonndeg fir 11 Auer programméiert an Dir kënnt se live bei eis am Stream gesinn.