Mat der jonker Cyclocross-Spezialistin hu mer iwwert hiren Exploit op der U23-EM geschwat an och op dat gekuckt, wat elo nach op si zoukënnt.

E Sonndeg kuerz viru Mëtteg zu Pontchâteau a Frankräich. D'Marie Schreiber fiert no 6 Tier an e bësse méi wéi 49 Minutte Course hannert der néier Europameeschterin Zoe Backstedt iwwer d'Ligne d'Arrivée. Mission accomplie op deem physesche Parcours am Pays de la Loire.

Mat gudde Klassementer an den internationale Crosse mat der Elite huet d'Marie Schreiber dës Saison nach emol e Sprong no vir gemaach, mat 20 Joer ass eng gläichméisseg Progressioun z'erkennen.

Et dierf ee gespaant  sinn, wat d'Marie Schreiber iwwer de Wanter ewech nach alles ka realiséieren, en nächsten Héichpunkt sinn d'Weltmeeschterschaften zu Tabor an der tschechescher Republik ugangs Februar. Bis dohinner bleiwen awer nach ganz vill aner wichteg Crossen ze fueren.

Den Interview kuerz no der Course

D'Marie Schreiber am Interview nom Exploit zu Pontchâteau
Op der U23 Cyclocross-EM ass et fir d'Marie Schreiber Sëlwer ginn