Bei enger Manche vum Superprestige zu Niel koum d'Marie Schreiber op déi 7. Plaz. D'Liv Wenzel ass d'Course net op en Enn gefuer.

E Samschdeg stoung zu Niel an der Belsch eng weider Manche vum Superprestige an der C1-Klass um Programm. Virun den Diere vun Antwerpen hat d'Hollännerin Ceylin Alvarado déi séierst Been a war no 42 Minutten an 11 Sekonnen iwwer d'Zillinn gefuer. Mam Aniek van Alphen (+ 1:04), dem Annemarie Worst (+ 1:21) an dem Manon Bakker (+ 1:40) hu sech dräi weider Hollännerinnen op de weidere Plaze klasséiert.

D'Marie Schreiber huet sech no hirer Sëlwermedail bei der Cyclocross-EM d'lescht Woch zu Pontchâteau nees an enger staarker Form gewisen a koum mat engem Retard vun 2 Minutten a 26 Sekonnen op déi 7. Plaz. D'Lëtzebuergerin war domat déi bescht Fuererin ënner 23 Joer. D'Fuererin vun der Ekipp SD Worx war am leschten Tour gefall, huet sech dovun awer net grouss beaflosse gelooss.

Mam Liv Wenzel war nach eng zweet Lëtzebuergerin um Start vum Superprestige. Si ass d'Course awer net op en Enn gefuer.