De Markus Zingen kuckt zeréck op eng Aventure am Cyclissem

Den 3. November koum de Communiqué, datt et mat der Ekipp Leopard/Togt sou wéi se fir d'Saison 2023 geheescht huet, net géif weider goen.
Ee vun de Leit, deen des Aventure vun Ufank bis zum Schluss begleet an encadréiert huet, ass de Markus Zingen. 13 Joer laang war hie Garant fir eng seriö a buedemstänneg Aarbecht.
Am Ufank waren et op ganz héijem Niveau d'Erfolleger vun de Gebridder Schleck an dem Fabian Cancellara, déi national an international fir Opreegung gesuergt hunn, dono gouf aus der World Tour Ekipp eng wichteg Nowuess-Struktur, déi iwwer 20 jonken Talenter de Wee an de Profisport erméiglecht huet.
An de Joren dono konnt 'Ekipp Leopard net méi op déi selwecht Moyenen zréckgräife wéi dat am Ufank de Fall war. An awer konnt een op Aarbecht aus de Jore virdrun opbauen a konzentréiert weiderschaffen.
Am moderne Vëlossport gëtt vill vun de jonke Sportler erwaart, ëmmer méi fréi féiert de Wee an de Profisport, dat bréngt fir Coureuren, déi eng méi laang Zäit fir hir Entwécklung brauchen, de Risiko mat sech, keng Ekipp ze fannen.
Fir 2023 hat d'Ekipp no neie Perspektive gesicht a wollt probéieren, fir duerch eng Fusioun mat enger dänescher Struktur den Niveau nach eemol ze hiewen.
Vun de 17 Coureuren, déi fir 2023 ënner Kontrakt stoungen, wäerte verschiddener an aner Ekippen en Ënnerdaach fannen, anerer ginn nees studéieren oder siche sech eng Aarbecht. Lëtzebuerg ass a bleift e gudde Standpunkt fir eng Vëlosekipp, d'Weeër op d'Courssen net ze wäit an den Terrain hei am Land bitt optimal Trainingsméiglechkeeten.