Succès fir Ceylin Alvarado, Marie Schreiber fiert d'Course net op en Enn

© RTL Archiv
Bei enger Manche vum Weltcup zu Dendermonde an der Belsch huet sech d'Ceylin Alvarado virum Lucinda Brand an dem Zoe Backstedt duerchgesat.
D'Gewënnerin hat eng komfortabel Avance vu 37 Sekonnen op d'Lucinda Brand. D'Zoe Backstedt hat e Retard vun enger Minutt a 37 Sekonnen. D'Brittin war awer déi séierst Fuererin bei den Espoirinnen.
Aus Lëtzebuerger Siicht ass d'Course net esou gutt verlaf. D'Marie Schreiber huet opginn. D'Layla an d'Maité Barthels sinn op de Plaze 35 a 37 iwwer d'Arrivée gefuer. Am Klassement vun den Espoirinne louch d'Layla Barthels op der 13. Plaz.
Bei den Häre gouf et eng Victoire vum Pim Ronhaar. Den Hollänner huet sech mat engem Virsprong vu 16 Sekonnen op de Lars van der Haar duerchgesat. De Podium gouf vum Belsch Laurens Sweeck komplettéiert. De Sweeck hat e Retard vu 27 Sekonnen op de Ronhaar.