De Gilles Ruffato huet sech um Sonndeg iwwer 50 Minutten duerch de Bulli geplot an nom Basket eng zweet Passioun fonnt.

Laang Joren huet de sympathesche Sportler zu engem vun de beschte Basketballspiller zu Lëtzebeuerg gezielt an hat bis 2017 souwuel 5 Coupe wéi och 5 Championstitel mam T71 gewonnen. Nodeems de Gilles Ruffato eng Famill gegrënnt hat, hat hien decidéiert, mam Basket op ze halen an huet sech en anere ganz Zäit intensive Sport am Plaz eraus gesicht.

De leschte Match vum Gilles Ruffato
Nodeems de Gilles Ruffato eng Famill gegrënnt hat, hat hien 2017 decidéiert, mam Basket op ze halen.

Um Sonndeg hat de Gilles Ruffato sech virgeholl, de Cross kënnen op en Enn ze fueren, ouni duerch en ze Groussen aus der Course geholl ze ginn.

Schonn am éischten Tour gouf de klenge Peloton uerg gerëselt, déi éischten an der Course sinn eng Moyenne vu 15 Kilometer an der Stonn gefuer, dat seet alles iwwer d'Schwieregkeet vum Cross aus.

De Coureur vum Toproad Réiserbann huet op d'Zänn gebass an ass déi 5 Tier mat der Ënnerstëtzung vu sengen treisten Supporter als 14. op en Enn gefuer.

Op der Arrivée hat hien e Retard vu Ronn 9 Minutten op de Vainqueur Ken Conter. D'nächst Joer wiesselt de Gilles Ruffato dann an d'Masters-Kategorie, d'Konkurrenz ass gewarnt.