Iwwer d'Feierdeeg stinn an der Belsch eng ganz Rei grouss Crossen um Programm.

Och d'Lëtzebuerger Vëlosfederatioun schéckt eng Delegatioun op verschidde Weltcup-Courssen. Lass geet et dëse Weekend zu Namur.

An dofir ass et wichteg, fir am Training seriö ze schaffen. Dat mécht de Jempy Drucker mat de Junior- an Espoir-Coureure voller Engagement a gëtt dobäi vum Michel Wolter ënnerstëtzt. Ganz dacks begéint een dënschdes a mëttwochs den Trainingsgrupp vun der Federatioun am Bambësch.

E Sonndeg sinn zu Namur am Ganzen 3 Junior-Coureuren an 1 Espoir engagéiert, bei den Damme steet nieft dem Marie Schreiber och nach d'Maïté Barthels an d'Liv Wenzel um Depart. D'Christine Majerus sollt och un den Depart goen. Nom Retour aus dem Stage mat hirer Ekipp huet d'Sportlerin e Freideg awer wéinst Krankheet misse Forfait erklären.

Besonnesch fir d'Junioren ass et net evident, eng gutt Placéierung ze maachen. Bei ronn 70 Coureure fueren si aus der leschter Rei fort.

E bëssen anescht gesäit et bei den Dammen aus. D'Marie Schreiber ass am gaangen, eng ganz staark Saison ze fueren a kennt de Parcours zu Namur, op deem d'lescht Joer d'Europameeschterschaft gefuer gi war, ganz gutt. Och d'Christine Majerus war mat am Stage a kennt sech zu Namur gutt aus. 2016 konnt si sech op engem vun de schwéierste Crossen aus dem Kalenner op der ganz gudder 5. Plaz klasséieren. A sou lues kann ee sech och schonn op eng interessant Course tëscht den Dammen um Championnat freeën. Déi ass fir den 13. Januar zu Hesper geplangt.