Zu Namur gouf e Sonndeg déi 8. Manche vum Weltcup gefuer. Gewonnen huet d'Ceylin Alvarado. An der U23-Kategorie ass et déi 1. Plaz fir d'Marie Schreiber.

Marie Schreiber huet sech vun Ufank un an den éischte Positiounen erëm fonnt a sollt sech bei der Victoire vum Ceylin Alvarado um Enn op der gudder 6. Plaz erëm fannen.

Bei herrleche Wiederkonditiounen, bei allerdéngs engem schwéierem Parcours, louch d'Marie Schreiber nom 1. Tour op der 5. Plaz. D'Lëtzebuergerinn huet sech iwwert déi ganz Course gutt gehalen, a louch virum leschten Tour op der 6. Plaz.

Wat d'Course méi laang gedauert huet, wat de Parcours duerch de villen Bulli ëmmer méi schwéier ginn ass ze fueren. Un der Spëtzt huet sech d'Hollännerin Ceylin Alvarado awer net dovu beandrocke gelooss a gewënnt mat 17 Sekonne virum Puck Pieterse an dem Lucinda Brand. Puck Pieterse konnt sech am Schlusssprint géint Brand duerchsetzen. Déi dräi Hollännerinen sinn zu Namur an hirer eegener Liga gefuer.

Hannendrun klasséiert sech op iwwer 2 Minutten d'Italienerin Sara Casasola. Op d'Plaz 5 sollt d'Hollännerin Inge van der Heijden fueren. D'Marie Schreiber ass an der Schlussphase wuel ëmmer méi no un d'Inge van der Heijden eru komm, et sollt awer net mei duergoe fir d'Hollännerin ze iwwerhuelen, sou dass no 6 Tier eng gutt 6. Plaz fir  d'Lëtzebuerginn eraus sprengt.

An der U23-Kategorie ass d'Marie Schreiber op déi 1. Plaz gefuer. Hei kann sech d'Lëtzebuerginn vum Team SD Worx virun deenen zwou Hollännerinne Leoni Bentveld an dem Shirin van Anrooij duerchsetzen.

D'Christine Majerus sollt och un den Depart goen. Nom Retour aus dem Stage mat hirer Ekipp huet d'Sportlerin e Freideg awer wéinst Krankheet misse Forfait erklären.

Bei der Elite bei den Häre gewënnt de Britt Tom Pidcock virum Pim Ronhaar an dem Joris Nieuwenhuis, allebéid aus Holland.

Bei der U23-Course bei den Hären ass den Noa Berton op déi 45. Plaz komm. Gewonnen huet d'Course de Belsch Emiel Verstrynge. Op déi 2. Plaz koum den Europameeschter Jente Michels an 3. gouf den Léo Bisiaux aus Frankräich.

RTL

Noa Berton / © Tom Flammang

Bei de Juniore stounge vun 63 Coureuren och 3 Lëtzebuerger mat um Depart. Bei der Victoire vum Fransous Aubin Sparfel ass de Rick Meylender mat engem Retard vu 4 Minutten als 41. iwwert de wäisse Stréch gefuer. De Lenn Schmitz an de Jonah Flammang kommen op d'Plazen 50 a 56.

D'Klassement vun den Dammen

1 ALVARADO Ceylin 51:57
2 PIETERSE Puck 0:17
3 BRAND Lucinda 0:19
4 CASASOLA Sara 2:15
5 VAN DER HEIJDEN Inge 2:29
6 SCHREIBER Marie 2:38
7 WORST Annemarie 2:46
8 BENTVELD Leonie 3:01
9 VERDONSCHOT Laura 3:25
10 CLAUZEL Hélene 3:26

40 BARTHELS Maïté 7:08
41 WENZEL Liv 7:36

D'Klassement vun den Hären

1 PIDCOCK Tom 59:45
2 RONHAAR Pim 0:15
3 NIEUWENHUIS Joris 0:33
4 ISERBYT Eli 0:52
5 VANTHOURENHOUT Michael 1:02
6 VAN DER HAAR Lars 1:08
7 VANDEPUTTE Niels 1:30
8 VANDEBOSCH Toon 1:38
9 MEEUSSEN Witse 1:44
10 KAMP Ryan 1:58