D'Fem van Empel huet sech virum Lucinda Brand an dem Puck Pieterse duerchgesat. An der U23-Kategorie war et déi gutt 2. Plaz fir d'Marie Schreiber.

Um Samschdeg stoung déi 9. Manche vum UCI-Weltcup am Cyclocross zu Antwerpen um Programm.

Gewonne gouf d'Course bei den Damme vum Fem van Empel. Et war den 3. Succès am Weltcup fir d'Hollännerin. Hannendru sinn déi 2 aner Hollännerinne Lucinda Brand a Puck Pieterse op de Podium gefuer. D'Brand hat e Retard vun 18 Sekonnen an d'Pieterse ass 55 Sekonnen hannert der Gewënnerin iwwer d'Arrivée gefuer. D'Marie Schreiber ass no enger gudder Course op der 8. Plaz iwwer de wäisse Stréch gefuer. D'Lëtzebuergerin hat e Retard vun 2 Minutten a 17 Sekonnen. D'Liv Wenzel hat op der 35. Plaz e Réckstand vun 8 Minutten an 3 Sekonnen. D'Maité a Lalya Barthels koumen op der 52. an 58. Plaz un.

D'Marie Schreiber hat direkt e gudde Start erwëscht, am 1. Tour hu sech un der Spëtzt awer schonn d'Lucinda Brand an d'Fem van Empel liicht ofgesat. D'Marie Schreiber louch do am 3. Grupp op der 7. Plaz ass dono awer och kuerz op déi 8. Plaz no hanne gerutscht. An de nächsten Tier huet sech d'Puck Pieterse u Brand a van Empel erugeschafft. Am 4. Tour ass och d'Ceylin Alvarado méi no komm. Um Enn vum 4. Tour huet van Empel sech ofgesat an de Grondstee fir d'Victoire geluecht. Hannendrun huet Pieterse d'Brand missten zéie loossen. D'Marie Schreiber louch nees op der 7. Plaz. An de leschten 2 Tier huet sech un den dräi éischte Plazen näischt méi geännert. D'Marie Schreiber huet d'Shirin van Anrooij nach misse laanschtloossen a koum op déi 8. Plaz.

An der U23-Kategorie war et hannert der Hollännerin Shrin van Anrroij déi 2. Plaz fir d'Marie Schreiber. Um Enn hunn der Lëtzebuergerin 30 Sekonnen op déi 1. Plaz an där Kategorie gefeelt. D'Liv Wenzel huet op der 12. Plaz d'Top Ten knapp verpasst. D'Layla Barthels huet sech op der 26. Plaz klasséiert.

Bei der Hären-Elite huet sech de Weltmeeschter Mathieu van der Poel souverän d'Victoire geséchert. Den Hollänner hat eng Avance vun 29 Sekonnen op de Wout van Aert. Den Eli Iserbyt huet de Podium op der 3. Plaz mat engem Retard vu 37 Sekonne komplettéiert.

An der Course vun der U23 bei den Hären ass de Noa Berton op der 49. Plaz mat engem Réckstand vu 6 Minutten a 57 Sekonnen ukomm. Gewonnen huet den Hollänner Tibor del Grosso.

Bei de Juniore ware bei der Victoire vum Fransous Aubin Sparfel 5 Lëtzebuerger dobäi. De Rick Meylender gouf de 36. mat engem Retard vu knapp iwwer 4 Minutten. De Lenn Schmitz, Yannis Lang, Jonah Flammang a Papi Lennox hu sech op de Plazen 52., 56., 57. a 59. Plaz klasséiert.

D'Klassement vun den Dammen

1 VAN EMPEL Fem 52:00
2 BRAND Lucinda +0:18
3 PIETERSE Puck +0:55
4 ALVARADO Ceylin Del Carmen +1:26
5 VERDONSCHOT Laura +1:36
6 VAN ANROOIJ Shirin +1:47
7 VAN DER HEIJDEN Inge +2:06
8 SCHREIBER Marie +2:17
9 BENTVELD Leonie +2:35
10 BACKSTEDT Zoe +2:42
...
35 WENZEL Liv +8:03
52 BARTHELS Maité
58 BARTHELS Layla

D'Klassement vun den Hären

1 VAN DER POEL Mathieu 1:00:20
2 VAN AERT Wout +0:29
3 ISERBYT Eli +0:37
4 SWEECK Laurens +0:43
5 NIEUWENHUIS Joris +0:46
6 VAN DER HAAR Lars +1:00
7 VANDEPUTTE Niels +1:07
8 PIDCOCK Tom +1:14
9 NYS Thibau +1:22
10 VANDEBOSCH Toon +1:26