Bei der 10. Manche vun der Coupe du Monde am Cyclocross zu Gavere an der Belsch kënnt d'Marie Schreiber op déi 12. Plaz.

D'Lëtzebuerger Championne hat ee Retard vu 4 Minutten a 17 Sekonnen op d'Gewënnerin Puck Pieterse aus Holland.

Um Podium stounge mam Fem van Empel an dem Ceylin Alvarado nach zwou Hollännerinnen.