Cyclocross Heusden-Zolder
Fem van Empel setzt sech duerch, weider gutt Placéierung fir d'Marie Schreiber

© AFP
Beim Cyclocross zu Heuden-Zolder an der Belsch kënnt d'Lëtzebuergerin op déi 7. Plaz.
D'Marie Schreiber hat e Retard vun 2 Minutten a 5 Sekonnen op d'Gewënnerin Fem van Empel aus Holland. De reng hollännesche Podium gëtt komplettéiert vum Ceylin Alvarado an dem Inge van der Heijden. Am Klassement bei den U23-Dammen ass et déi zweete Plaz fir d'Marie Schreiber hannert dem Kristyna Zemanova.
D'Liv Wenzel kënnt op d'Plaz 31, d'Maité Barthels op 36, d'Nina Berton op 68 an d'Layla Barthels op 77.
Bei den Häre gouf et eng Victoire vum Wout van Aert, dat viru sengem belsche Landsmann Eli Iserbyt an dem Hollänner Joris Nieuwenhuis.
Am meeschte gelies