6. Plaz fir d'Marie Schreiber, Victoire fir d'Puck Pieterse

© AFP (Archiv)
En Donneschdeg den Owend gouf zu Diegem an der Belsch eng Manche vum Superprestige gefuer.
Bei den Dammen huet sech d'Marie Schreiber op der gudder 6. Plaz klasséiert. D'Lëtzebuergerin hat e Réckstand vun enger Minutt a sechs Sekonnen op d'Gewënnerin Puck Pieterse aus Holland. D'Plazen zwee an dräi waren och fir zwou Hollännerinnen. D'Ceylin Alvarado hat op der 2. Plaz e Retard vu 27 Sekonnen an d'Inge van der Heijden ass als Drëtt op 34 Sekonnen ukomm.
Bei den Hären ass de Mathieu Kockelmann de 55. ginn. Gewonnen huet de Mathieu van der Poel.
D'Top 10 vun den Dammen
1 PIETERSE Puck 47:06
2 ALVARADO Ceylin Del Carmen 0:27
3 VAN DER HEIJDEN Inge 0:34
4 VAS Blanka Kata 0:42
5 CANT Sanne 0:50
6 SCHREIBER Marie 1:06
7 BACKSTEDT Zoe 1:09
8 CASASOLA Sara 2:24
9 WORST Annemarie 2:52
10 VAN ALPHEN Aniek 3:37
D'Top 10 vun den Hären
1 VAN DER POEL Mathieu 55:27
2 PIDCOCK Tom 0:49
3 ISERBYT Eli 0:53
4 VANTHOURENHOUT Michael 0:58
5 NIEUWENHUIS Joris 1:00
6 HERMANS Quinten 1:26
7 VERSTRYNGE Emiel 1:40
8 LOOCKX Lander 1:43
9 HUYBS Ward 1:44
10 BOROS Michael 1:45