De fréiere Weltmeeschter am Zäitfueren, Rohan Dennis, gouf an Australien ugeklot.

Hie soll seng 32 Joer al Fra mam Auto ugestouss hunn, déi duerno un de Suitte vun de Blessuren an enger Klinik gestuerwen ass.

De Rohan Dennis, war bis dëst Joer bei der Formatioun Jumbo-Visma ënner Kontrakt an huet ënnert anerem Etappen am Tour de France an dem Tour de Suisse gewonnen.

Den 33 Joer alen australesche Coureur gouf ë.a. wéinst Doutschlag ugeklot. Hie koum awer op Kautioun fräi.

Dat mellen australesch Medien.