Victoire fir de Franzous Joshua Dubau bei der Elite
Op deem extrem schwéiere Parcours huet den Dubau an der zweeter Hallschent vun der Course den Ecart gemaach.
Hie konnt sech domadder vum belsch Lander Loockx, deen den 2. gouf, ofsetzen. Als 3. konnt sech de Marcel Meisen klasséieren.
Aus Lëtzebuerger Sicht kann een eng gutt 12. Plaz vum jonke Mathieu Kockelmann notéieren.
Um véierel op 3 gouf dunn d'Elite vun de Männer fir eng Stonn Course op de Parcours geschéckt. De Belsch Lander Loockx war hei zesummen dem Vainqueur vum leschte Joer,dem Joshua Dubau an dem Marcel Meisen an der Favoritteroll. Aus Lëtzebuerger Sicht huet sech an den éischten Tier gewisen dat de jonke Mathieu Kockelmann op deem schwéiere Parcours seng physesch gutt Form haut géif kënnen ënner Beweis stellen. Bis hallef Course huet de Lander Loockx den Androck gemaach wéi wann hien des Course kéint gewannen, dono ass den Dubau awer bei de Belsch eru gefuer a konnt sech lues awer sécher vun deem ofsetzen. Hannen Drun huet de Marcel Meisen mam Théo Thomas em déi 3 Plaz gekämpft. De Mathieu Kockelmann ass an enger Grupp em déi 12 Plaz gefuer.
Um Enn huet den Dubau näischt méi ubrenne gelooss a mat e puer Sekonnen Avance op de Loockx gewonnen,de Marcel Meisen huet sech déi 3 Plaz geséchert. De Mathieu Kockelmann ass als 12ten iwwer d`Arrivée gefuer.
E Sonndeg ass fir d`Lëtzebuerger Konkurrenz Generalprouf fir Championnat zu Hesper. Op deem selwechte Parcours ginn eng Woch drop och Titele verdeelt.