E Sonndeg sinn d'Coureusen a Coureuren zu Alzeng am regionale Cyclocross un den Depart gaangen.

Knapp 3 Dose Coureure sinn de Mëtteg dës Generalprouf 6 Deeg virun de Landesmeeschterschaften ugaangen. De Mathieu Kockelmann huet d’Heft relativ fréi an der Course an d’Hand geholl. D'Strategie ass fir de Coureur vum CCI Déifferdeng opgaangen. Vun Tour zu Tour huet hie seng Avance op d’Konkurrenz ausgebaut, d’ganz Course op deem séieren mee schwéiere Parcours kee Feeler gemaach a gewënnt dëse Cross ganz souverän mat 42 Sekonnen Virsprong op den Zweeten.

Hannendru war et bis an de leschten Tour ganz spannend ëm d’Éireplazen. Bis quasi der hallwer Course louch dem Mathieu säi Brudder Raphaël op der 2. Plaz knapp virum Ken Conter. Am Drëttleschte vun am ganze siwen Tier huet de Coureur vum Team Snooze sech op déi 2. Plaz gesat, knapps virum Raphaël Kockelmann. De Champion vun der Elite blouf wuel drun, mee ass am leschten Tour gefall a gouf um Enn de 6.. De Ken Conter sengersaits huet déi 2te Plaz bis op de wäisse Stréch verdeedegt a gouf domat beschten Elite-Coureur.

3. Plaz war de Mëtteg fir den Espoir Mill Morang vun der UC Dippech. Et kann een deemno nächste Samschdeg spannend Coursen um Hesper Holleschbierg erwaarden.

Bei den Damme konnt sech dann d'Christine Majerus kloer duerchsetzen. Mat enger grousser Avance vun enger Minutt an 38 Sekonnen koum si virum Isabelle Klein op der Arrivée un. Déi drëtt Plaz war hei fir d'Gwen Nothum mat engem Retard vun 2:08 Minutten.

An der Masters-Kategorie huet den Tommy Arnoldy sech no sechs Tier an am Ganzen 43:10 Minutten d'Victoire geséchert. Dat mat 1:05 Minutt virum Marc Indergand an 1:57 Minutt virum Olivier Paderhuber.

Bei de Juniore gouf et dann nach eng Victoire fir de Jonah Flammang-Lies virum Thomas Auduc an dem Flavio Astolfi a bei den Débutants huet sech de Julius Klose virum Ben Koenig an dem Tunn Sinner behaapt.

[comments|