Christine Majerus wëll dem Marie Schreiber d'Liewe méiglechst schwéier maachen
E Samschdeg steet um Hesper Holleschbierg dat nationaalt Championnat am Cyclocross um Programm.
Op deem séiere Parcours mat enger Rei Héichtemeter kann ee sech spannend Courssen erwaarden. D'Marie Schreiber ass fir déi éischt Kéier dës Saison hei zu Lëtzebuerg am Asaz ze gesinn.
De rout-wäiss-bloe Maillot war dës Saison dacks op den internationale Crossen an den éischte Positiounen ze gesinn. D'Marie Schreiber geet deemno als grouss Favoritin an d'Dammecourse. De leschte Weekend ass d'Lëtzebuerger Championne beim Weltcup zu Zonhoven an der Belsch wuel gefall an huet sech um Ielebou blesséiert, déi Blessur dierft déi 21 Joer al Sportlerin de Weekend awer net méi stéieren. Hir gréisst Konkurrentin kënnt aus hirer eegener Ekipp an heescht Christine Majerus. D'multipel Championne war awer hirersäits am Dezember krank a steet e Samschdeg net an Toppform um Depart. Et ass deen éischten Duell zanter zwee Joer tëscht dem Christine Majerus an dem Marie Schreiber.
De Parcours um Hesper Holleschbierg wäert de Coureuren alles ofverlaangen. En ass séier, huet eng ganz Rei Héichtemeter, wäert duerch déi kal Temperature gefruer sinn an am Fall vun engem Problem verléiert ee gäre vill Zäit. Bei der Generalprouf op deem selwechte Parcours de leschte Sonndeg war den Espoir Mathieu Kockelmann dee Séiersten. Hien trëfft mam Mats Wenzel op en anert Nowuesstalent. Och de Mil Morang an den Noa Berton dierfte bei den Espoiren eng interessant Roll spillen.
Bei der Elite war de Ken Conter de Weekend dee Beschten. Hie kritt zolidd Konkurrenz vum Raphaël Kockelmann an dem Loïc Bettendorff. Och an deenen anere Courssen ass fir Spannung gesuergt.
Lass geet et e Samschdeg schonn um 11 Auer mat den éischte Courssen. D'Damme fueren um 14 Auer an d'Espoirs- an Elite-Course ass fir 15.15 Auer programméiert. Weider Detailer fannt dir um Site vun der Vëlosfederatioun.
E Samschdeg an e Sonndeg ginn et owes am Journal op der Tëlee Biller a Reaktioune vum Cyclocross-Championnat.