Succès fir de Raphaël Kockelmann
D'Victoire am General vum Skoda Cross Cup goung un de Ken Conter, deen an der Course de 6. gouf. Bei den Dammen huet d'Isabelle Klein gewonnen.
De Ken Conter huet bei de Landesmeeschterschafte leschte Weekend d'Bronzemedail gewonnen. Hie war do allerdéngs mat aneren Ambitiounen un den Depart gaangen. Um Sonndeg goung hien als Leader vum Skoda Cross Cup an d'Course. Dëse Cup op en Neits ze gewanne war een anert Ziel, dat de Coureur vum Team Snooze sech fir dës Saison gesat hat. Just 14 Coureuren, dovu siwe Lëtzebuerger, haten de Wee op Mamer fonnt. Op deem flotten an iwwersiichtleche Circuit, wou d'läscht Joer d'Landesmeeschterschafte gefuer goufen. De Ken Conter, deen erkaalt un den Depart goung, huet doduerch scho fréi an der Course e puer Konkurrente missen zéie loossen. Him goung et deemno drëms unzekommen an esou de Skoda Cross Cup vun dëser Cyclo-Cross-Saison ze gewannen. Hien gouf haut dee 6ten mat déck 2 Minutte Retard op de Gewënner.
Spannend ëm d'Victoire zu Mamer war et bis op de wäisse Stréch. Am drëtte vun am ganzen 10 Tier déi gefuer goufen, huet de Raphaël Kockelmann d'Spëtzt iwwerholl. Op deem glate Parcours goung et drëms, fir esou mann wéi méiglech Feeler ze maachen. Dem Vizechampion séin Rad huet vun deem Ament un de Geoffrey Rausch geholl. De franséischen Espoir huet de Coureur vum CC Chevigny permanent ënner Drock gesat a bei hallwer Course esou guer d'Spëtzt iwwerholl, wéi dem Raphaël Kockelmann d'Ketten erofgespronge war. Kuerz drop huet de Lëtzebuerger nees d'Féierung iwwerholl an zesummen si béid Coureuren an de leschten Tour gaangen. Rad a Rad si si och a Richtung Arrivée gefuer. De Sprint huet de Lëtzebuerger gewonnen. Drëtte gouf de Mëtteg de Fransous François Hyon vum EC Fumay.