D'Marie Schreiber fiert op déi 8. Plaz

© AFP (Archiv)
Gewonne gouf d'Course vum Fem van Empel virum Puck Pieterse an dem Ceylin Alvarado. Bei den Espoirinne war et déi 1. Plaz fir d'Marie Schreiber.
Bei der 13. Manche vum Weltcup zu Benidorm a Spuenien ass d'Marie Schreiber bei der Dammen-Elite op déi gutt 8. Plaz gefuer. D'Lëtzebuergerin hat e Retard vun enger Minutt a 46 Sekonnen op d'Fem van Empel. D'Hollännerin huet sech am Sprint virum Puck Pieterse duerchgesat. D'Ceylin Alvarado ass op der 3. Plaz 16 Sekonnen hannert der Gewënnerin ukomm an huet sech domadder d'Victoire am Weltcup-General geséchert. D'Marie Schreiber läit do virun der leschter Course op der 9. Plaz.
Bei den Espoirinne stoung d'Lëtzebuerger Championne ganz uewen um Podium. Op d'Plazen 2 an 3 koumen do d'Zoe Backstedt aus Groussbritannien an d'Hollännerin Leonie Bentveld.
An den éischten 2 Ronnen hu sech un der Spëtzt schonn d'Pieterse, van Empel an Alvarado ofgesat. An der drëtter Ronn hat d'Alvarado e Problem, soudass vir an der Course just nach en Duo iwwreg bliwwen ass. D'Marie Schreiber huet sech an engem drëtte Grupp opgehalen, deen ëm déi 7. Plaz gekämpft huet. Wat d'Course méi laang gedauert huet, wat dee Grupp méi ausernee gefall ass. An de leschten zwou Ronne louch d'Lëtzebuergerin op der 8. Plaz an huet déi Positioun net méi hierginn. Un der Spëtzt hat sech d'Alvarado nees u van Empel a Pieterse erugekämpft, huet an de leschte Meter awer misse lassloossen. Decisioun ëm d'Victoire ass am Sprint gefall an do hat d'Weltmeeschterin van Empel d'Nues vir. Trotz der 3. Plaz konnt sech d'Ceylin Alvarado iwwer d'Victoire am Weltcup-General freeën.
Bei der Hären-Elite hu sech dräi Belsch duerchgesat. De Wout van Aert war 3 Sekonne méi séier wéi de Michael Vanthourenhout an ass als Éischten iwwer d'Arrivée gefuer. De Podium gouf vum Thinau Nys komplettéiert. Hien hat e Réckstand vu 7 Sekonnen op de Gewënner.
D'Klassement vun den Dammen
1 VAN EMPEL Fem 52:53
2 PIETERSE Puck +0:01
3 ALVARADO Ceylin Del Carmen +0:16
4 BRAND Lucinda +0:27
5 VAS Blanka Kata +0:33
6 CASASOLA Sara +0:44
7 VERDONSCHOT Laura +1:28
8 SCHREIBER Marie +1:46
9 WORST Annemarie +1:55
10 BACKSTEDT Zoe +2:23
D'Klassement vun den Hären
1 VAN AERT Wout 1:01:06
2 VANTHOURENHOUT Michael +0:03
3 NYS Thibau +0:07
4 ISERBYT Eli ''
5 VAN DER POEL Mathieu +0:12
6 VANDEBOSCH Toon +0:13
7 VAN DER HAAR Lars +0:15
8 ORTS LLORET Felipe +0:21
9 PIDCOCK Tom +0:27
10 VENTURINI Clément +0:31