Generalprouf fir d'Lëtzebuerger Cyclocrossfuerer zu Hoogerheide
Virun engem Joer war zu Hoogerheide an Holland d'Weltmeeschterschaft am Cyclocross, dëst Joer ass hei d'Generalprouf fir d'WM zu Tabor an Tschechien.
D'Lëtzebuerger Vëlosfederatioun huet 8 Athleeten an Athleetinne fir de leschte Weltcup vun der Saison selektionéiert. Fir verschiddener ënnert hinne geet et zu Hoogerheide nach ëm d'Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft, déi den nächste Weekend zu Tabor an Tschechien gefuer gëtt.
Mam Marie Schreiber an dem Liv Wenzel ginn e Sonndeg zwou Lëtzebuergerinne bei den Dammen un den Depart. D'Gwen Nothum start bei de Juniorinnen. Bei den Hären huet d'FSCL mam Jonah Flammang-Lies, dem Yannis Lang, dem Rick Meylender, dem Lennox Papi an dem Lenn Schmitz fënnef Juniore gemellt.
No de Courssen e Sonndeg zu Hoogerheide wäert d'FSCL hir Selektioun fir d'WM maachen. Déi gëtt dann en Dënschdeg op enger Pressekonferenz public gemaach.
Sécher bei der WM mat dobäi ass d'Marie Schreiber. Si huet Chancen op eng Medail. Bei der EM hat si sech hannert dem Zoe Backstedt Sëlwer geséchert. D'Course vun den U23-Damme bei der WM kënnt Dir e Sonndeg, de 4. Februar vun 12.35 Auer u live op RTL suivéieren.