Zu Geelong ass an der Nuecht op e Sonndeg déi 8. Editioun vun der australescher Stroossecourse gefuer ginn.

No iwwer véier Stonnen huet de Neiséilänner Laurence Pithie vu Groupama - FDJ sech am Sprint géint eng Rei weider Coureuren duerchgesat. Op Plaz 2 huet et den Eriträer Natnael Tesfatsion gepackt, wärend den Däitschen Georg Zimmermann de Podium komplettéiert.

Aus lëtzebuergescher Siicht war och de Michel Ries mat um Depart, hien ass mat engem Retard vun 3 Minutten an 49 Sekonnen als 63. ukomm.

D'Top 10

1 PITHIE Laurence Groupama - FDJ 4:17:40
2 TESFATSION Natnael Lidl - Trek ,,
3 ZIMMERMANN Georg Intermarché - Wanty ,,
4 STRONG Corbin Israel - Premier Tech ,,
5 NARVAEZ Jonathan INEOS Grenadiers ,,
6 MARIAULT Alex Cofidis ,,
7 HAMILTON Chris Team dsm-firmenich PostNL ,,
8 SCARONI Christian Astana Qazaqstan Team ,,
9 RUTSCH Jonas EF Education - EasyPost ,,
10 BARRÉ Louis Arkéa - B&B Hotels ,,
...
63 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels +3:49