No 161 Kilometer konnt den Dän Mads Pedersen (Lidl Trek) sech am Sprint géint de Milan Menten (Lotto Dstny) an de Rasmus Tiller (Uno-X Mobility) behaapten.

De Alex Kirsch (52), de Kevin Geniets (53) an den Arthur Kluckers (69) sinn an der selwechter Zäit wéi den Etappegewënner iwwert d'Arrivée gefuer.

Am Generalklassement huet de Pedersen elo duerch d'Bonifikatiounen d'Féierung iwwerholl, 6 Sekonne virum Axel Laurance, deen déi 2. Etapp gewonnen hat. Op Plaz 3 ass de Fransous Kévin Vauquelin op 12 Sekonnen. De Kevin Geniets ass gudde Véierten op 16 Sekonnen.

E bësse méi wäit hannendru kommen dann op Plaz 46 den Arthur Klickers (+1min28) an op Plaz 53 den Alex Kirsch (+2min03).

Déi véiert Etapp geet e Samschdeg iwwer 158,5 Kilometer vu Méjannes-le-Clap op Méjannes-le-Clap.

Resultat vun der 3. Etapp

1 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 3:43:54
2 MENTEN Milan Lotto Dstny ,,
3 TILLER Rasmus Uno-X Mobility ,,
4 DUJARDIN Sandy TotalEnergies ,,
5 COSNEFROY Benoît Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
6 LEROUX Samuel Van Rysel - Roubaix ,,
7 LAURANCE Axel Alpecin - Deceuninck,,
8 VAN ROOY Kenneth Bingoal WB ,,
9 JARNET Maxime Van Rysel - Roubaix ,,
10 DELETTRE Alexandre St Michel - Mavic - Auber93 ,,
...
52 KIRSCH Alex Lidl - Trek 0:00
53 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
69 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team ,,

De General

1 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 7:40:48
2 LAURANCE Axel Alpecin - Deceuninck 0:06
3 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels 0:12
4 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 0:16
5 VAN MOER Brent Lotto Dstny 0:20
6 ROCHAS Rémy Groupama - FDJ ,,
7 COSNEFROY Benoît Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:23
8 PARET-PEINTRE Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
9 BAUDIN Alex Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
10 BERCKMOES Jenno Lotto Dstny 0:27
...
46 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 1:28
53 KIRSCH Alex Lidl - Trek 2:03