Op der 4. Etapp vun der Etoile de Bessèges hunn hiwweleg 158 Kilometer op d'Coureure gewaart.

D'Victoire huet sech de Fransous Samuel Leroux geséchert. Zäitgläich sinn de Schwäizer Stefan Bissegger an de Belsch Dries de Bondt iwwert d'Arrivée gefuer.

Leader am General bleift den Etappegewënner vun e Freideg de Mads Pedersen. Hien huet eng Avance vu 6 Sekonnen op den Axel Laurance an 12 Sekonnen op de Kévin Vauquelin.

Den Arthur Kluckers huet als 29. 2 Sekonne verluer. Den nämmlechte Retard hat de Kevin Geniets als 44.. Den Alex Kirsch huet als 95. 2 Minutten a 35 Sekonne verluer. Am General läit de Geniets op der 4. Plaz op 16 Sekonnen. De Kluckers ass de 40. op 1 Minutt an 28 Sekonnen an de Kirsch ass de 66. op 4 Minutten a 36 Sekonnen.