De Maillot Jaune aus den USA bleift weiderhin un der Spëtzt am General, de Virsprong bedréit virun der leschter Etapp elo awer just nach véier Sekonnen.

Op der 7. Etapp vun Nice op La Madonne d'Utelle konnt sech no 104 Kilometer an enger laanger Montée op der Arrivée den Aleksandr Vlasov en solitaire d'Victoire vum Dag sécheren. Am General bleift de Brandon McNulty op der éischter Plaz, dat mat véier Sekonnen Ecart virum Matteo Jorgenson a 35 Sekonne virum Mattias Skjelmose. Beschte Lëtzebuerger war e Sonndeg de Kevin Geniets, dee mat engem Retard vu 5:27 Minutten de 26. ginn ass.

Kuerz nom Depart hat sech direkt e klenge Grupp no vir ofgesat, dorënner konnten de Benjamin Thomas an de Johan Jacobs d'Vitesse bäihalen an de Peloton fir e groussen Deel vun der Course op Distanz halen. Knapp 40 Kilometer virun der Arrivée huet dann als éischt de Benjamin Thomas misse lassloossen. Eleng un der Spëtzt huet dem Johan Jacobs fir d'Montée op La Madonne d'Utelle dann awer déi lescht Kraaft an de Been gefeelt a sou konnt de Peloton mam Maillot Jaune Brandon McNulty gutt zéng Kilometer viru Schluss de Schwäizer nees afänken.

Um leschten Deel vun der Course, op deem et weiderhi mat enger Moyenne vu 5,7% eropgaangen ass, huet sech dann eng weider Kéier deen een oder aneren eng Attack zougetraut, dorënner den Aleksandr Vlasov, dee sech wäit genuch ofgesat krut huet, fir d'Etapp um Enn fir sech ze entscheeden. Aacht Sekonnen hannendrun ass dann e Grupp vu véier Coureuren ukomm. Duerch e Retard vu 27 Sekonnen op de Vainqueur an 19 Sekonnen op den Zweeten am General, de Matteo Jorgenson, verklengert sech den Ecart vum Leader Brandon McNulty am Generalklassement virun der leschter Etapp e Sonndeg op just véier Sekonnen.

De Kevin Geniets ass mat engem Retard vu 5:27 Minutten op déi 26. Plaz gefuer, de Bob Jungels ass kuerz drop mat 7:33 Minutte Retard den 32. ginn an den Arthur Kluckers klasséiert sech mat engem Ecart vu 15:59 Minutten op der 73. Plaz.

D'Top 10 vun der 7. Etapp

1 VLASOV Aleksandr 2:44:03
2 EVENEPOEL Remco 0:08
3 ROGLIČ Primož ,,
4 SKJELMOSE Mattias ,,
5 JORGENSON Matteo ,,
6 BUITRAGO Santiago 0:13
7 MCNULTY Brandon 0:27
8 KELDERMAN Wilco 0:31
9 PARET-PEINTRE Aurélien 0:36
10 PLAPP Luke 0:40

26 GENIETS Kevin 5:27

32 JUNGELS Bob 7:33

73 KLUCKERS ARTHUR 15:59

D'Generalklassement

1 MCNULTY Brandon 25:00:28
2 JORGENSON Matteo 0:04
3 SKJELMOSE Mattias 0:35
4 EVENEPOEL Remco 0:36
5 PLAPP Luke 0:47
6 ROGLIČ Primož 1:21
7 BERNAL Egan 1:42
8 KELDERMAN Wilco 1:43
9 PARET-PEINTRE Aurélien 1:53
10 VLASOV Aleksandr 2:05

35 GENIETS Kevin 37:54

38 JUNGELS Bob 40:17

89 KLUCKERS Arthur 1:01:55