Schlussvictoire fir Matteo Jorgenson, Kevin Geniets muss no Chute opginn

© AFP
Iwwerdeems de Remco Evenepoel d'Schlussetapp fir sech entscheet. De Lëtzebuerger Kevin Geniets huet no senger Chute missen opginn.
Op der 8. a leschter Etapp vun der 82. Editioun vu Paris-Nice ass et iwwer 109,3 Kilometer vun Nice op Nice gaangen. Op enger kuerzer, mee dofir immens usprochsvoller Etapp, wou net manner wéi 5 Koppe missten eropgefuer ginn, ka sech de Remco Evenepoel d'Etappevictoire virum Matteo Jorgenson sécheren. Am Generalklassement ass et ëmgekéiert. Do steet de Matteo Jorgenson ganz uewen um Podium, virum belsche Champion vu Soudal-Quick-Step.
Um RTL Play kënnt Dir all d'Etappen an d'Resuméen dovunner am Replay kucken.
An enger ganz séierer Course sinn et de ganzen Dag iwwer kleng Gruppe ginn, et war schwéier fir d'Coureuren den Iwwerbléck ze behalen. De Peloton ass reegelrecht explodéiert. Dobäi sinn nach schwéier Wiederkonditiounen dobäi komm, d'Stroosse waren deels naass a schwéier ze befueren. Keng gutt Nouvellë gouf et aus Lëtzebuerger Siicht 70 Kilometer virun der Arrivée. No enger Chute huet de Kevin Geniets d'Course missen opginn. E Sonndeg den Owend koum awer d'Entwarnung vu senger Ekipp. Hien huet secj näischt gebrach.
50 Kilometer viru Schluss huet sech un der Spëtzt e Grupp vu 25 Coureuren eraus kristalliséiert. Ëmmer nees goufen et an de Montéeën Attacke vum Remco Evenepoel, sou dass och dëse Grupp net laang zesumme bliwwen ass. An esou sinn 3 Coureuren 11 Kilometer virun der Arrivée eleng un der Spëtzt ënnerwee gewiescht: Aleksandr Vlasov, Remco Evenepoel a Matteo Jorgenson. De Maillot Jaune Brandon McNulty louch zu dësem Zäitpunkt 1 Minutt a 15 Sekonnen hannert der Spëtzt an engem Grupp mat ënnert anerem dem Matthias Skjelmose.
Um Enn setzt sech de Remco Evenepoel am Sprint géint de Matteo Jorgenson duerch. De Matteo Jorgenson riwwerhëlt am General domat de McNulty a gewënnt Paris-Nice.
De Bob Jungels fiert als 37. mat engem Retard vun 10 Minutten a 16 Sekonnen iwwert de wäisse Stréch. Den Arthur Kluckers klasséiert sech op der Plaz 68. mat 19 Minutte Retard. Am General ass et no 8 Etappen déi 34. Plaz fir de Bob Jungels an déi 77. Plaz fir den Arthur Kluckers.
D'Top 10 vun der 8. Etapp
1 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 2:50:03
2 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 0:00
3 VLASOV Aleksandr BORA – hansgrohe 0:50
4 SKJELMOSE Mattias Lidl – Trek 1:39
5 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates 1:39
6 BATTISTELLA Samuele Astana Qazaqstan Team 2:13
7 STORER Michael Tudor Pro Cycling Team 2:13
8 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 2:13
9 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 2:13
10 PLAPP Luke Team Jayco AlUla 2:13
37 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 10:16
68 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 19:00
D'Generalklassement
1 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 27:50:23
2 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 0:30
3 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates 1:47
4 SKJELMOSE Mattias Lidl – Trek 2:22
5 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 2:57
6 PLAPP Luke Team Jayco AlUla 3:08
7 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 4:03
8 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 4:35
9 ROGLIČ Primož BORA – hansgrohe 5:33
10 ALMEIDA João UAE Team Emirates 6:08
34 JUNGELS Bob BORA – hansgrohe 50:41
77 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 1:21:03