No 7 schwéieren Etappe ka sech de Jonas Vingegaard als Gewënner feiere loossen. D'Victoire op der leschter Etapp war fir den Italieener Jonathan Milan.

Den zwee fache Gewënner vum Tour de France ass gutt an déi nei Saison gestart a ka sech d'Schlussvictoire vun der 59. Editioun vun Tirreno-Adriatico sécheren. Um Enn huet den Dän e Virsprong vun 1 Minutt a 24 Sekonnen op de Juan Ayuso. Déi drëtte Plaz am General ass fir de Jai Hindley. Lëtzebuerger ware keng um Depart.

De Grondstee fir d'Victoire am General huet de Jonas Vingegaard op den Etappe 5 a 6 geluecht, déi de Coureur vum Team Visma - Lease a Bike jeeweils gewanne konnt. 
Déi leschten Etapp huet iwwerdeems den Italieener Jonathan Milan vu Lidl-Trek de Schlusssprint fir sech entscheet. Hien ka sech virum Alexander Kristoff an dem Davide Cimolai duerchsetzen.

Generalklassement

1 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 26:22:23
2 AYUSO Juan UAE Team Emirates 1:24
3 HINDLEY Jai BORA – hansgrohe 1:52
4 DEL TORO Isaac UAE Team Emirates 2:20
5 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 2:24